EschAn der Rue Dicks huet en Haus gebrannt

Kuerz no 9.30 Auer huet an der Rue Dicks zu Esch en Haus gebrannt. Kengem ass eppes geschitt.

Um drëtte Stack vun engem Privathaus huet d'Holzverkleedung gebrannt. D'Nopeschhaiser goufe mat evakuéiert a sämtlech Leit a Sécherheet bruecht. Kengem ass eppes geschitt.

D'Rue Dicks ass de Moment nach fir den Trafic gespaart.

D'Pompjeeë vun Esch, Keel/Téiteng, Monnerech a Schëffleng, wéi och d'Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng an Esch mam Samu an d'Police waren op der Plaz.