Schonn nees en déidlechen AccidentMotocyclist (20) tëscht Eeschwëller an Ierpeldeng gestuerwen

Um Mëttwoch am fréien Nomëtteg koum et um CR 325 tëscht Ierpeldeng bei Wolz an Eeschwëller zu engem déidlechen Accident mat engem Motocyclist.

© RTL / Domingos Oliveira

E Mëttwoch de Mëtteg géint 14 Auer waren zwee jonk Motocyclisten aus der Belsch vun Eeschwëller an Direktioun Ierpeldeng ënnerwee, wéi ee vun hinnen aus nach ongekläerter Ursaach d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet.

© CI Wiltz


An enger Lénkskéier ass hie géint d'Leitplanke gerannt. Den Onglécklechen ass dunn iwwert d'Leitplanke geflunn a gouf do widder e Bam geschleidert. 

© CI Wiltz


Fir den 20 Joer ale Mann vu Spa an der Belsch koum all Hëllef ze spéit.

Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus dem Kiischpelt, eng Ambulanz an de Sauvetage vu Wolz, eng Ambulanz vun Housen, de Samu vun Ettelbréck, de Rettungshelikopter an d'Police.

© CI Wiltz


D'Streck war fir ronn 2 Stonnen gespaart.

© Police