MeteoEt blouf méi roueg wéi gefaart

E Mëttwoch den Owend war viru Wiedere mat eventuell Knëppelsteng am Gepäck gewarnt ginn, ma et blouf awer éischter roueg.

Breedelt bei Wäiswampech© Roby Splicks
Op ville Plaze waren däischter Wolleken a Reen um Rendez-vous, ma bis 23 Auer krut RTL weder extrem Wieder-Phänomener, nach Schied, déi duerch d'Wieder verursaacht gi wieren, gemellt.

Och eis Kaart mat de Wieder-Warnungen ass net an de kritesche Beräich iwwergaangen ... Däitschland gouf dogéint méi uerg erwëscht. Zu Viersen an Nordrhein-Westfalen huet en Tornado fir Schied un enger ganzer Partie Haiser gesuergt.

METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.



METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder? Hei all d'Infoen an de Bléck vun eise Panorama-Kameraen.

Wann Dir eis eng Foto schécke wëllt, dann einfach op foto@rtl.lu mailen - Merci am Viraus!

E Mëttwoch den Owend am Norde vum Land.© Roby Splicks


En Dënschdeg den Owend bei Stengefort. Och du waren däischter Wolleken ënnerwee.© P. Paulin



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.