PotaaschbiergZwee Autoen aneneegeknuppt, 2 Persoune blesséiert

Wéi en Automobilist vun der Autobunn ofgefuer war, ass hien an en anert d'Gefier, dat aus Richtung Gréiwemaacher koum, gerannt.

© CISGM
Beim Accident en Donneschdeg de Mëtteg géint 14.45 Auer goufen 2 Persoune blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vu Gréiwemaacher a vu Jonglënster.