Douane56kg Drogen am Wäert vu 500'000 € saiséiert

De 16. Mee ass der Douane zu Diddeleng-Zoufftgen bei enger grousser Kontroll e Coup géint den Drogenhandel gelongen. 56kg Cannabis goufe séchergestallt.

© Administration des douanes et accises

D'Kontroll war an Zesummenaarbecht mat de Kollege vun der franséischer Douane organiséiert ginn.

Duerch den Asaz vun engem mobile Scanner konnt eng gréisser Quantitéit u Cannabis an der Semi-Remorque vun engem spuenesche Camion festgestallt ginn.

© Administration des douanes et accises


De rumänesche Chauffer hat uginn, Geméis aus Spuenien gelueden ze hunn, wat an Dänemark sollt gefouert ginn.

Déi 56,850kg Cannabis hunn um Schwaarzmaart e geschate Wäert vu 500'000 Euro.