Komplizéierte Brand zu HammContainer an enger Hal a Flamen, Feier ënner Kontroll

Wéinst dem Feier an der Rue Haute hat och mussen d'Rue de Bitbourg gespaart ginn. Et ware vill Pompjeescorpsen am Asaz.

© 112
E Freideg de Mëtteg um 13.31 Auer gouf den 112 iwwer e Brand an enger Lagerhal zu Hamm informéiert.

An enger éischter Phas sinn d'Beruffspompjeeën op d'Plaz geschéckt ginn.

Wéi si ukomm sinn, stoung an der Lagerhal ee Container a Flamen, direkt gouf ugefaangen ze läschen.

Well an der Hal vill schwaarzen Damp war, huet musse mat Otemschutz geschafft ginn.

Wéinst der Envergure vum Feier, goufen dunn och nach zwee Pompjeesween vun Hesper a Sandweiler op d'Plaz geschéckt.

Fir nach méi Otemschutz-Masken op der Plaz ze hunn, goufen dunn och nach d'Pompjeeë vu Lënster geruff.



Fir d'Aarbechten op der Plaz ze koordinéieren a gläichzäiteg sécherzestellen, datt nach genuch Leit fir dee ganze Secteur disponibel wieren, gouf de Centre de gestion des opérations (CGO) aktivéiert.

Um 14.28 Auer huet de Kommandant vun den Hëllefsoperatiounen deklaréiert, datt d'Feier ënner Kontroll wier.

Duerno huet awer nach den Damp aus der Hal musse gejot ginn.

Am Asaz waren: CIS Luxembourg, CIS Hesperange, CIS Sandweiler, CIS Junglinster an de Regionalinspekter.

Am Stand-by waren dës Zentren: CIS Moutfort, CIS Niederanven, CIS Mamer, CIS Walferdange.




Container an enger Hal a Flamen (18.05.2018)
Onkommentéiert Bildmaterial.


Den 112 mellt dann och nach e Brand an der Nuecht op e Samschdeg zu Betten un der Mess.

An der Rue du Château stoung en Uewen a Flamen. D’Pompjeeë vun Dippech, Monnerech a Suessem/Déifferdeng waren am Asaz. Detailer leien eis nach keng vir.