GrondhaffFeier um Camping, kee Blesséierten

Informatiounen vun der Police an de Pompjeeën no ass kee blesséiert ginn.

© Asazzenter Iechternach

D'Feier war op enger Terrass um éischte Stack vun engem Eefamilljenhaus lassgaang an huet sech an d'Kiche a bis op den Daachstull ausgebreet. D'Pompjeeën, déi zu enger 50 op der Plaz waren, konnt awer verhënneren, datt de Brand sech nach weider op dat ganzt Haus ausgebreet huet.

Am Asaz waren d'Corpsen vun Iechternach, Konsdref, Bäerdrëf-Bollendorf, Beefort, Jonglënster a Mäertert. D'Brandursaach ass nach net eendeiteg gekläert.