Déifferdeng - ZeienopruffMann attackéiert Fra op der Strooss, Polizist liicht blesséiert

Um Sonndeg den Owend hunn d'Policebeamte missten agräifen, well eng Koppel op der Strooss uneneegeroden ass.

Wéi d'Beamte géint 19.45 Auer op Patrull duerch Déifferdeng gefuer sinn, ass hinnen op der Streck a Richtung Zolwer eng Koppel opgefall, déi amgaange war mat streiden. Dobäi huet de Mann un der Fra gezunn a gerappt. D'Beamte sinn direkt stoe bliwwen, fir d'Persounen auserneen ze kréien. Doropshi war de Sträit séier vergiess a béid hu sech zesumme gedoen, fir géint d'Polizisten z'agéieren. Dobäi gouf ee Beamte liicht blesséiert.

Am Kader vun dësem Tëschefall sicht d'Police no enger Automobilistin, déi de Sträit och gesinn huet. Si war mat engem wäissen Audi A3, mat Lëtzebuerger Placken déi mat "AR" ufänken, ënnerwee. Si ass virun de Beamte gefuer muss de Sträit gesinn hunn, well si getut huet, fir d'Koppel op sech opmierksam ze maachen. Dës Automobilistin soll sech bei der Police vun Déifferdeng um 2445 3200 mellen.