A13 Richtung SchengenCamion accidentéiert am Éilerenger Tunnel

Um Donneschdeg de Moien ass op der A13 am Éilerenger Tunnel e Camionschauffer fir d'éischt an d'kalifornesch Mauer gerannt an duerno an d'Leitplank.

© C.I. Suessem/Déifferdeng

Do ass de Camion dunn un d'Hale komm. De Camionschauffer hat d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer. Et ass kengem eppes geschitt.

Den Accident hat natierlech gréisser Repercussiounen op den Trafic.

Op der Plaz warn Asazzenter vu Suessem/Déifferdeng mat 2 Gefierer an enger Ambulanz, grad wéi d'Police a Ponts et chaussées.

Kuerz no deem Accident war op der A13 Richtung Péiteng en Auto op d'Kopp gaangen. D'Ambulanz an den Asazzenter vu Keel waren op der Plaz.

Kuerz no 9 Auer gouf et zu Schuller an der Käerjengerstrooss eng Kollisioun tëscht 2 Autoen. Heibäi gouf 1 Persoun blesséiert. Den Asazzenter vun Dippech an d'Ambulanz vu Péiteng waren am Asaz.