SES/SpaceopalEn Accord tëscht béiden Entreprisen gouf op 10 Joer ugesat

Am Kader vum Galileo Reseau un deem de Moment geschafft gëtt, huet e Mëttwoch d’SES mat Spaceopal, dem Galileo Service Operator, een Accord ënnerschriwwen.

© Nadine Gautier / RTL

Hei geet et ëm en Accord deen op 10 Joer ugesat ass, a wärend deem béid Entreprisen enk sollen zesummeschaffe fir datt de System Galileo ka bis 2020 komplett operationell ginn.

Agreement Spaceopal SES/Reportage Nadine Gautier

Fir just ee klenge Bléck an d’Vergaangenheet ze geheien. Mam Galileo Netzwierk wéilten d’Europäer den Amerikaner an hirem GPS System eppes entgéint sëtzen, fir onofhängeg ze ginn. Um Galileo gouf scho virun iwwert 10 Joer getüftelt. Allerdéngs konnt de System eréischt mat 8 Joer Verspéidung 2016 lancéiert ginn. Mat den éischte Satellitten déi dunn dorobber geschéckt goufen. A Lëtzebuerg hat schonn 2005 an ee Galileo-Projet investéiert. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider schwätzt vu ronn 5 Milliounen Euro, déi deemools vu Lëtzebuerg investéiert goufen. Dësen Investment géif een elo mat dësem Accord 20 mol erëmkréien.

Den Ament ass de Gros vun de Satellitte fir d’Galileo Netzwierk schonn do uewen. Déi mussen elo nach op Orbit gesat ginn. De Reseau soll an zwee Joer operationell sinn an dann net nëmmen der Europäescher Unioun, mee konkret och dem Bierger zu Notze kommen. Déi technesch Problemer déi een haut mam GPS hätt, wäerten et mam Galileo-Projet net méi ginn. Et rechent een domadder, dass ee mat dësem Projet da weltwäite Leader wäert ginn.

Datt Spaceopal fir eng Zesummenaarbecht mat der SES optéiert, déi zum Beispill fir d’Maintenance oder och nach in-Orbit Moossunge beoptraagt, leit och dorunner datt ee schonn iwwert 10 Joer Partner ass, erkläert den André Bauerhin vu Spaceopal. SES géif d'Netzwierk-Servicer zu Dispositioun stellen, dat fir d'Kommunikatioun mat de Satellitten ze garantéieren.

Wat de Space-Fong ugeet, huet de Minister Schneider betount, datt een d’Kapital heivir bal zesummen hätt. Do wieren Interessenten aus dem Ausland ma och vu Lëtzebuerg dobäi. Am ganze wéilt een ee Montant vun 80 bis 100 Milliounen Euro zesumme kréien. Sue mat deenen ënnert anerem auslännesch Start-Uppen op Lëtzebuerg solle gelackelt ginn.