Waasser aus Stauséi bei Bitburg ofgeloossHéchststand zu Rouspert bei 5,24 Meter ëm Hallefnuecht, Pegel fält nees

Wéinst dem ville Reen hat ee misse Waasser aus engem Stauséi bei Bitburg erausloossen. Doduerch ass et zu Héichwaasser komm, awer net zu enger Flutwell.

Foto geknipst um 1.27 Auer© RTL Mobile Reporter / jsemir

Den Dan Kersch hat no der Pressekonferenz wéinst den Iwwerschwemmung am Mëllerdall matgedeelt, dass et an der Nuecht op e Samschdeg zu Héichwaasser an der Sauer géing kommen.

Wéinst dem ville Reen hat e Freideg de Mëtteg nämlech misse Waasser aus engem Stauséi bei Bitburg erofgelooss ginn. E Freideg den Owend koum d'Informatioun, dass et zu kenger Flutwell géing kommen an d'Waasser am Stauséi kontrolléiert géif ofgepompelt ginn.

De Katastropheschutz Bitburg hat trotz allem eng Alerte un d'Awunner an der Ëmgéigend erausginn. Dofir gouf sech och zu Rouspert preparéiert. Um 23.45 Auer war den Héchststand mat 5,24  Meter erreecht. Just als Verglach, bei den uergen Iwwerschwemmungen 2003 loung den Héchststand bei 8 Meter.

De Pegel ass den Ament nees derbäi ze falen. Géint 8.15 Auer e Samschdeg de Moien war e bei 4,19 Meter, um 9.15 Auer waren et 4,03 Meter.

Och d'Musel war an der Nuecht geklommen an elo fält de Peegel lues. Dat selwecht gëllt fir d'Our.




Zu Rouspert – sot eis de Buergermeeschter Romain Osweiler et hätt ee sech op de worst case virbereedt. D'Leit op de guttbesichte Campingen zu Rouspert an zu Buer wäre gewarnt ginn an hätten Noutlogementer ugebuede kritt. D'Pompjeeë wären och gebrieft. Ee Problem wär awer, datt der e Freideg am Nomëtteg scho vill vun hinnen zanter 24 Stonnen op de Been waren. Déi goufen dunn emol an d'Bett geschéckt, fir an der Nuecht op e Samschdeg nees fit ze sinn.

Um Camping zu Buer


Iwwerschwemmunge bei Edingen (01.06.2018)
E Freideg den Owend ass d'Sauer aus hirem Flossbett getrueden.


Wéinst dem erwaarten Héichwaasser gouf de Camping zu Waasserbëlleg och geraumt an och d'Fréijoersfoire um Samschdeg gouf ofgesot.

Wéinst den erwaarten Iwwerschwemmungen gouf e Freideg den Owend um 21 Auer d'N10 tëscht Steenem a Waasserbëlleg komplett fir de Verkéier gespaart.

Sou gesäit de Stauséi zu Bitburg normalerweis aus:



Schreiwes vun der Regierung:

Montée des eaux attendue pour Steinheim / Rosport

Faisant suite aux intempéries des dernières heures cumulées aux précipitations également exceptionnelles sur la rivière allemande Prüm ayant atteint un niveau d’inondation centenaire, les autorités allemandes ont été contraintes d’augmenter le débit de la retenue du barrage de de Bitburg.

D’après les autorités allemandes, il n’existe pas de danger de rupture du barrage de Bitburg. Le débit contrôlé actuel résultera, selon les prévisions du service hydrométrique de l’Administration de la gestion de l’eau, dans une montée des eaux comparable à une inondation classique et pouvant atteindre un niveau de 5 à 6 mètres à Rosport en cours de soirée. Les autorités ne s’attendant pas à des ondes de crue (Flutwellen). Des informations supplémentaires sur l’évolution du niveau sont renseignées sur le site www.inondations.lu.

Intempéries du 1er juin 2018 : état de la situation à 18 h 50
Communiqué par: Cellule de crise du Haut-Commissariat à la protection nationale

La Cellule de crise s'est de nouveau réunie en fin d'après-midi afin d'effectuer un état des lieux supplémentaire.

Dans le contexte de la montée prévisible des eaux attendue dans le courant de la soirée, le Centre de gestion des opérations de l'Administration des services de secours a demandé aux corps locaux de prendre les mesures préventives nécessaires dans les zones à risques le long de la N10 entre Steinheim et Wasserbillig.

Des mesures ont été prises pour évacuer les campings de Rosport, de Born et de Wasserbillig.

Dans le même contexte, les zones à risque d'inondations de la N10 entre Steinheim et Wasserbillig seront fermées à toute circulation à partir de 21h00. Des déviations sont prévues par les autorités.
La Cellule de crise continue à suivre l'évolution de la situation.