KiischpeltÉierebuergermeeschter Armand Mayer am Alter vun 68 Joer gestuerwen
Hie war bis Oktober zejoert den déngschteelste Buergermeeschter am Land: am Alter vun 68 Joer ass e Méindeg den Armand Mayer aus dem Kiischpelt verscheet.
42 Joer laang stoung de Politiker un der Spëtzt vu senger Gemeng Wëlwerwolz a spéider der Fusiounsgemeng Kiischpelt.
7 Amtsperioden hannertenee souz den Armand Mayer um Buergermeeschterstull - wat en absolute Rekord am Land duerstellt.
D'lescht Joer war de jovialen, buedemstännegen Éierebuergermeeschter net méi mat an d'Gemengewalen 2017 matgaangen.
Am Alter vun 27 Joer war den Armand Mayer fir d'éischte Kéier op de Buergermeeschterstull komm.
Aus Respekt virum Doud vum Armand Mayer, huet d'Gemeng Kiischpelt de Fakelzuch an den te Deum fir Nationalfeierdag ofgesot an op e spéideren Datum reportéiert. De Konschtfestival bleift awer.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.