DepannageCamion am Gruef tëscht Siren an Haassel, Streck gespaart

D'Streck tëscht Siren an Haassel ass gespaart, dat well ee Camion an de Gruef geroden ass.

© Facebook/Commune de Weiler la Tour
Aktuell gëtt de Camion depannéiert, et soll een dës Streck evitéieren.

3 Blesséierter mellt den 112 vun e Mëttwoch de Moie bei 3 Accidenter

Géint hallwer 8 gouf et en Accident tëscht Osper an Hueschtert. Zwee Autoen hate sech ze pake kritt.

Zu Gaasperech sinn dann um 9 Auer en Auto an e Vëlo anenee gerannt.

An um 10.40 Auer ass am Stater Gronn, an de rue de Trèves, en Auto agerannt.

Bei all deenen Accidenter gouf jeeweils 1 Persoun blesséiert.