3 nei PetitiounenLocatairen, Péngschtdënschden a Coffeeshop

Zanter de Mëttwoch de Moie sinn dräi nei Petitiounen um Chambersite, déi ënnerschriwwe kënne ginn.

Eng Petitioun concernéiert d’Locatairen. Wëll ee Propriéitaire seng Wunneng verlounen, engagéiert hien eng Agence immobilière. Déi op hirer Säit Fraisen an Héicht vun engem Mount Loyer facturéiert. Dës Käschte ginn allerdéngs net vum Propriétaire iwwerholl, mee musse vum Locataire bezuelt ginn. D’Petitioun wëll des Situatioun änneren, nom däitsche Prinzip "Wer bestellt bezahlt".

Eng weider Petitioun fuerdert, datt Péngschtdënschden ee gesetzleche Feierdag gëtt. Dësen Text erënnert un dee vun enger anerer Petitioun, déi wëll, datt Péngschtdënschde fir d’Schüler e fräien Dag soll ginn.

Cannabis soll a Coffeeshoppen hei am Land kënne verkaf ginn. Dat ass dann d’Fuerderung vun der drëtter Petitioun. Allerdéngs missten dofir eng Rei Konditiounen erfëllt ginn. Pro Persoun dierften zum Beispill net méi wéi 5 Gramm Cannabis verkaf ginn. Mannerjäreger dierften iwwerhaapt kee kréien. Sougenannte Coffeeshoppen dierften och net an engem Ëmkrees vu 500 Meter ëm Schoulen opgemaach ginn. Als Justifikatioun gëtt ënnert anerem d’Kreatioun vun neien Aarbechtsplaze genannt, esou wéi eng Entlaaschtung vun der Policeaarbecht.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.