Presuméiert Horror-Clown-AttackMann an Ex-Partnerin wéinst falschem Alarm viru Geriicht

Ëm e Prozess, deen nach vill Froen opwërft, goung et e Mëttwoch. Gouf e Mann 2014 tatsächlech vun Horror-Clownen attackéiert oder war et Fake?

© AFP Archivbild

Et war eng Affär, déi am Hierscht 2014 fir eng gewëssen Opregung gesuergt hat: Op Halloween hat e jonke Mann nuets bei der Police eng Horror-Clown-Attack op sech gemellt! Hie wär an der Stad vun 3 bis 4 där Clownen ugegraff a verwonnt ginn. Stonnen drop hat de Mann op Facebook Fotoe vu senge Blesse publizéiert.

Wéinst Horror-Clown-Attack viru Geriicht / vum Eric Ewald

E Mëttwoch de Moie stoungen hien a seng Ex-Partnerin awer ënner anerem wéinst falschem Alarm viru Geriicht. De Parquet geet dovun aus, dass déi ganz Geschicht erfonnt war an de Mann sech selwer blesséiert hat. E Geriichtsmedeziner sot e Mëttwoch, d'Blesse wären éischter sech selwer bäibruecht ginn, och wann dat Ganzt Froen opwerfe géif.

D'presuméiert Affer hat him am November 2014 erkläert, vun den Horror-Clowne fir d'éischt um Réck an dono op der Broscht verwonnt ginn ze sinn. Zu de Blesse wär et mat engem Messer, engem Cutter oder enger Schierbel komm. Allerdéngs hat de Geriichtsmedeziner keng Spuere vu Gewalt festgestallt, dass d'Blessen net mat engem Sech-dogéint-wieren iwwereneestëmmen an d'Plaze selwer zougänglech waren.

Den Ugeklote wëll owes eng Camionnette op der Strooss gesinn hunn, wat hie komesch fonnt hätt. Doropshin hätt hien Alkohol gedronk, wär ageschlof a waakreg ginn, wéi hien um Gank Kaméidi héieren hätt. Hie wär kucke gaangen an du wär et scho lassgaangen. D'Ugräifer wäre ganz roueg gewiescht, hätten hien awer menacéiert a verwonnt. Obwuel hien d'Hänn um Réck hat, wär hien u säin Handy vir an der Boxentäsch komm a seng Ex-Partnerin hätt hien dono lassgemaach. "Et ware vläicht Leit, déi mat mir e Problem haten!", huet de jonke Mann gemengt, deen e Sträit mat der Fra vu sech gewisen huet.

Op d'Fro vum President vum Geriicht, firwat hie seng Fotoen op Facebook gesat hätt, huet hie geäntwert, dass hien aner Leit hätt wëlle warnen. D'Fra sot, si hätt hirem Ex-Frënd déi Blessen net am Sträit bäibruecht, och wa si dacks Sträit gehat hätten. Am Ufank hätt si geduecht, de Mann géif Theater maachen, et wär awer hefteg, dass hien, wéi de Riichter et an d'Diskussioun bruecht huet, si sou vläicht hätt wëllen ënner Drock setzen, fir hien erëm opzehuelen.

Nodeems de Me Thönnissen, Affekot vum Mann, an de Me Pietropaolo, Affekot vun der Fra, de Fräisproch fir hir Cliente gefrot haten, huet de Vertrieder vum Parquet vun enger Rëtsch Elementer geschwat, déi beweise géifen, dass et déi Clownen net gouf. De Beschëllegte wär selwer fir déi Blesse responsabel a sollt dofir ee Joer an d'Fra fir 6 Méint an de Prisong. Allebéid sollten och nach eng ugemoosse Geldstrof kréien.

D'Uerteel gëtt den 28. Juni gesprach.