VIDEO - Etienne SchneiderOuni grouss Terraine ka Lëtzebuerg keng grouss Industrien ulackelen

Trotzdeem wier déi nei Promotiounsstrategie vun der Wirtschaft e Succès: 150 Entreprisë wieren an der Pipeline.

Wirtschaftlech Promotioun a soziale Wuesstem (13.06.2018)
De Widderstand géint d'Steewoll-Fabrik war en negatiivt Signal un auslännesch Investisseuren, esou den Etienne Schneider.

"Ouni de Plan sectoriel fir Aktivitéitszone wäert sech kaum nach eng grouss Firma kënnen zu Lëtzebuerg etabléieren, well et ass quasi keen Terrain méi do." Dat sot de Wirtschaftsminister Etienne Schneider e Mëttwoch de Moie bei der Presentatioun vun engem éischten Tëschebilan vun der neier Strategie fir d'wirtschaftlech Promotioun. Laanscht d'Diskussioune ronderëm Knauf a Fage koum een natierlech net ...

Wirtschaft: Wuesstem a Promotioun - Rep. François Aulner



Fir d'Steewoll-Fabréck, déi um Enn net op Lëtzebuerg kennt, wier den Terrain zu Suessem déi eenzeg Optioun gewiescht, well et keng aner zesummenhängend Terraine vu 15 Hektare méi géing ginn, sou den Etienne Schneider. Duerch de Widderstand wier en negatiivt Signal un auslännesch Investisseuren. Dat gouf op en Neits bedauert.

Mat de Plans sectoriels, déi Enn Abrëll deponéiert goufen, sinn alles an allem 477 Hektar fir Aktivitéitszone virgesinn. Manner wéi déi 600 Hektar, déi 2014 nach proposéiert gi waren.

"Verréckt" de Widderstand géint Wuesstem

Wat Fage ubelaangt, huet den LSAP-Minister op d'Aussoe vum CSV-Député-maire vu Beetebuerg, Laurent Zeimet, reagéiert, deen der Meenung ass, datt d'Jughurtsfabréck besser net bei hien an d'Gemeng kéim. D'Gemengen hätte jo och eng Kéier gréng Luucht ginn, fir datt Terraine fir Aktivitéiten opgemaach ginn.

Wéi et Widderstand géint d'Steewolffabrik Knauf gouf, wier e negatift Signal un auslänesch Investisseure eausgaang, gouf haut op e neits bedauert.

Wann ee sech awer elo eng Kéier zesumme mat de Gemengen eng Strategie géif ginn, da kéint et awer net méi sinn, datt een aus enger Laun eraus oder well am Oktober Wale sinn, seet, mä lo wëlle mer déi awer net, esou den Etienne Schneider. Dat wier jo awer verréckt.

De Minister huet widderholl: Ob ee wéilt oder net, ouni Wirtschaftswuesstem kéint ee sech net den héije Lëtzebuerger Liewensstandard leeschten - Sacrificë bei de Paien, Abousse bei der Qualitéit vun de Servicer. Fir eben awer déi negativ Konsequenze vum Wuesstem ze reduzéieren – den Etienne Schneider huet de Stau genannt –, zielt hien op de Rifkin-Prozess. Donieft géing et Iddie gi wéi: massiv an den ëffentlechen Transport investéieren, d'Stroossen ausbauen, Télétravail fërderen, Büroen un der Grenz bauen, d'Schoulzäit reorganiséieren.

Alles dat wieren Iddien, déi am Gaange si gekuckt ze ginn. An an der Walzäit géifen déi eenzel Parteien do wuel Léisungsvirschléi maachen, esou den Etienne Schneider.

Nohalteg Promotioun: 150 Firmaen an der Pipeline
D'Promotioun, déi géing och elo méi geziilt gemaach ginn, an zanter déi nei Strategie d'lescht Joer presentéiert gouf, gëtt e positive Bilan gezunn.

An deem Zesummenhang huet de President vun der Chambre de Commerce, de Michel Wurth, un den Debat erënnert vun der Ofhängegkeet vun der Finanzplaz an dem Besoin fir ze diversifiéieren. Mat den neie professionelle Strukturen hätt ee beispillsweis zwee Secteure besonnesch cibléiert: d'Logistik an den ITC, also Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien.

Déi nei Strategie hätt optimal funktionéiert. Ronn 150 Firmae wieren an der Pipeline, sou den Etienne Schneider. Detailer wollt hie keng ginn. Et wier jo en Hohn haut, wann e Wirtschaftsminister en neien Invest annoncéiert, huet hie gegeckst.

PDF: Broschür TradeInvest.

Vu lénks no riets: Nicolas Buck, président de la FEDIL; Michel Wurth, président de la Chambre de commerce; Étienne Schneider, Vice-Premier ministre, ministre de l’Économie; Daniel Da Cruz, ministère de l’Économie; Mario Grotz, président de Luxinnovation.© MECO


Offizielle Communiqué
Étienne Schneider a fait le premier bilan intermédiaire de la nouvelle stratégie de promotion économique du Luxembourg (13.06.2018)

Communiqué par: ministère de l'Économie

La troisième réunion du Conseil du commerce extérieur et des investissements, chargé de superviser et de valider la mise en œuvre de la nouvelle stratégie de promotion économique, s'est tenue le 13 juin 2018.

À l'issue de la réunion, le Vice-Premier ministre, ministre de l'Économie, Étienne Schneider, a présenté lors d'un point de presse le premier bilan intermédiaire de la mise en œuvre de la nouvelle stratégie de promotion économique dévoilée en février 2017. Cette stratégie adopte une approche sectorielle et cible les entreprises et les investisseurs étrangers qui apportent une réelle valeur ajoutée à l'économie nationale tout en consolidant le développement qualitatif et durable du pays.

Devant les journalistes, le Vice-Premier ministre, ministre de l'Économie, Étienne Schneider, a souligné: «La nouvelle stratégie de promotion économique connaît ses premiers succès et elle nous a permis d'affiner les stratégies des différents secteurs comme l'ICT ou la logistique que nous considérons comme prioritaires pour diversifier et développer l'économie nationale. En misant sur des démarches ciblées pour attirer au Luxembourg des entreprises et des compétences qui sont en ligne avec les besoins de notre écosystème et qui s'alignent sur nos objectifs de développement économique durable, nous agissons en cohérence avec la stratégie Rifkin de troisième révolution industrielle.»

Le président de la Chambre de commerce, Michel Wurth, a commenté: «Il était essentiel que tous les acteurs concernés soient impliqués dans la mise en place de la stratégie de promotion économique qui devient ainsi un partenariat regroupant les acteurs du secteur public aussi-bien que du secteur privé et agissant en faveur du développement de l'économie luxembourgeoise. Grâce à la plateforme d'accueil pour investisseurs potentiels que nous avons mis en place auprès de la House of Entrepreneurship, nous avons davantage professionnalisé l'accompagnement et le conseil des investisseurs potentiels qui s'intéressent au Luxembourg.»

Nicolas Buck, président de la FEDIL, a dit: «L'image de marque du Luxembourg est un élément clé à la fois pour la prospection et la promotion du Luxembourg comme terre d'investissement. En transposant sur le terrain la promesse du Luxembourg 'Let's make it happen', la nouvelle stratégie de promotion économique s'attache à mettre en valeur les points forts du pays pour attirer de nouveaux investissements et à assister nos entreprises luxembourgeoises dans leurs démarches d'export et d'internationalisation.»

© RTL Télé Lëtzebuerg / Laurent Weber


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.