Uni.luMéi Autonomie, awer och méi Verantwortung

Mat grousser Majoritéit gouf e Mëttwoch den Owend an der Chamber dat neit Unisgesetz gestëmmt. Et soll d'Institutioun reforméieren.

© Michel Brumat / University of Luxembourg
D'Gouvernance soll moderniséiert ginn, d'Etablissementer sollen autonom sinn an 't soll méi zesumme geschafft ginn – dat sinn e puer zentral Punkte vun der Reform vun der Uni Lëtzebuerg.

De Gesetzestext gouf e Mëttwoch den Owend an der Chamber mat 55 Jo-Stëmmen an 2 Abstentioune mat enger grousser Majoritéit ugeholl.

D'Uni Lëtzebuerg gëtt et zanter 2003 an dat Gesetz, dat domat zesummenhänkt, gëtt elo reforméiert. D'Uni soll méi pedagogesch a wëssenschaftlech Autonomie kréien. Dat géing natierlech och heeschen datt d'Uni méi Responsabilitéit misst iwwerhuelen – dat gouf méi wéi eng Kéier an der Chamber betount. D'Studenten an d'Personal sollen an Zukunft méi an Decisiounen agebonne ginn.

Wat déi organisatoresch Autonomie ugeet, géif et der CSV-Deputéiert Martine Hansen no awer nach Nohuelbedarf. Si huet gefrot, wéi vill Opträg eng Regierung enger Uni dierf ginn. Als schlecht Beispill huet si d'Institut fir Zäitgeschicht genannt. D'Regierung hätt der Uni deen imposéiert, ouni Récksiicht op d'Autonomie vun der Uni.

Uni: D'Martine Hansen



Dem Sam Tanson, Deputéiert vun déi Gréng, no, dierft een net vergiessen, datt verschidden Acteuren am Spill sinn an dat géif d'Fro vun der Autonomie aktuell halen ... D'Uni dierft net vu Krise geréiert ginn, huet d'Sam Tanson nach betount.

Uni: D'Sam Tanson



Fir den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum wier eng zentral Fro nach net gekläert, nämlech déi vun dem gesellschaftleche Rôle vun der Uni: Steet d'Economie oder d'Wëssen an d'Vermëttlung dovun am Mëttelpunkt? Déi Lénk hunn sech beim Vott enthalen.

Uni: De Marc Baum



Den ADR-Deputéierte Roy Reding huet sech gewonnert, datt als Grondsaz vum Projet géing gesot ginn, datt d'Fräiheet vun der Fuerschung, vun der Léier, fräi soll si vun alle politeschen, reliéisen an ideologeschen Emprisen.

Uni: De Roy Reding



Aktuell si ronn 6.400 Studenten op der Uni Lëtzebuerg ageschriwwen, eng 110 verschidden Nationalitéite sinn do vertrueden. Ronn 1.800 Leit schaffen op der Uni Lëtzebuerg.

Wat d'finanziell Moyene vum Staat ugeet, sinn déi an de leschte Joren an d'Luucht gaangen. Den Héichschoulminister Marc Hansen huet als Beispill d'Joer 2006 genannt, wou d'Dotatioun nach bei 48 Millioune louch. Haut läit se bei 176,5 Milliounen Euro.

Den aktuelle Kontrakt mat der Uni Lëtzebuerg geet bis 2021, dora si 766 Milliounen Euro virgesinn.

D'Uni wäert och weiderhin all 4 Joer extern evaluéiert ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.