Kand ugestoussChauffer hat Kand (5 Joer) a Mamm um Vëlo iwwersinn

E Mëttwoch den Owend géint 18.45 Auer gouf zu Schuller an der Lonkescher Strooss e Kand, dat um Vëlo ënnerwee war, vun engem Auto ugestouss a verwonnt.

© CIS ¨

Den Automobilist war Richtung Dippech ënnerwee.

Wéi d'Pompjeeë vun Dippech op hirer Facebooksäit schreiwen, hat den Automobilist d'Kand a seng Mamm, déi grad am Gaang waren iwwert eng Kräizung vun enger Stroossesäit op déi aner ze goen, iwwersinn. Trotz enger Vollbremsung krut hien d'Kand frontal ze paken. De Vëlo ass ënnert den Auto gerutscht. Wéi et am Police-Bulletin heescht, wier d'Kand liicht blesséiert ginn. Et koum mat der Ambulanz an d'Spidol.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Dippech, eng Ambulanz vum CIS Mamer, 2 Gefierer vum CIS Käerjeng, sou wéi d'Police.

© CIS Dippech


Déi genee Ëmstänn vum Accident mussen nach gekläert ginn.