Gratis ëffentlechen Transport vum 1. August unBréngt dat méi Leit op Bus a Bunn?

Lycéesschüler a jonker ënner 20 Joer kënne gratis op Tram, Bus an Zuch zeréckgräifen, ouni mussen eng "myCard" oder e "Jugendabo" ze hunn. Wat bréngt dat?

Gratis ëffentlechen Transport - Wat bréngt dat? (01.08.2018)
Lycéesschüler a jonker ënner 20 Joer kënne gratis op Tram, Bus an Zuch zeréckgräifen, ouni mussen eng "myCard" oder e "Jugendabo" ze hunn. Mä wat bréngt dat?
Gratis ëffentlechen Transport - Bréngt dat méi Leit op Bus a Bunn?

De Bus, den Tram, den Zuch - am politesche Spektrum schwätze sech all Parteie fir e besseren ëffentlechen Transport.

E gratis ëffentlechen Transport fir jiddereen, dofir net déi Gréng, mee d’DP, d’LSAP an déi Lénk.

Eriwwer mat 2 Euro Kuerzzäit-Billjeeën also, a mat de Joresaboe vu 440 Euro also. Ma bréngt dat wierklech méi Leit op Bus a Bunn?

Wéi den Alain Groff, Chef fir d'Mobilitéit zu Basel mengt, wier gratis ëffentleche Verkéier fir Jonker, fir Studenten, fir Aarmer a fir Invalider u sech net optimal. Amplaz do selektiv ze sinn, misst een deene Leit d’Moyene gi fir sech den Transport kenne selwer ze leeschten. Och Jonker sollen net gratis kenne matfuere wann een hinnen dee Privileeg ewechhëlt wann se Erwuesse ginn.

Fir méi Leit op de Bus, Tram oder Zuch ze kréien, misst un der Qualitéit vum ëffentlechen Transportreseau ugesat ginn, esou den Alain Groff weider.

Am Autoland Lëtzebuerg wier kee Mentalitéitswiessel néideg: d’Leit wiere rational a géingen hir Gewunnechten upassen.

Wat d’Mobilitéit géing zu Lëtzebuerg verbesseren, dat wier eng aner urbanistesch Approche : méi Verdichtung an de Stied a manner Eefamilljenhaiser. Mee dat freet méi laangfristeg Mesuren.



Jonker ënner 20 Joer brauche vum 1. August un net méi ze bezuelen

Den 1. August wäert dat ministeriellt Reglement, dat den 11. Juni ënnerzeechent gouf, a Kraaft trieden. Dat Ganzt, esou de Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, wär am Kader vun enger Simplification administrative ze verstoen.

D'Carte d'identité oder eng aner Kaart, déi den Alter beleet, ginn an Zukunft duer, fir gratis den ëffentlechen Transport ze benotzen. Schüler tëscht 20 a 25 Joer kënne weiderhi gratis mat hirer "myCard élève" oder "myCard jeunes" op den Transport zeréckgräifen.

Tram, train, bus: Les jeunes de moins de 20 ans n’ont plus besoin d’un titre de transport à partir du 1er août 2018 (01.08.2018)

Communiqué par: ministère du Développement durable et des Infrastructures

 

Les élèves de l’enseignement secondaire ainsi que les jeunes de moins de 20 ans peuvent actuellement utiliser gratuitement les transports publics s’ils sont en possession d’une myCard (établie par l’école) ou d’un abonnement «Jugendabo» (disponible auprès des guichets de vente de la Mobilitéitszentral).

Dans un esprit de simplification administrative, le ministre du Développement durable et des Infrastructures, François Bausch, a décidé de permettre à tous les jeunes de moins de 20 ans, élève ou non, de circuler dans les transports publics nationaux sans myCard ou titre de transport. Une simple pièce indiquant l’âge de moins de 20 ans suffit donc dorénavant dans un bus, tram ou train.

Cette mesure est valable à partir du 1er août 2018. Le règlement ministériel a été signé le 11 juin 2018.

Pour les élèves ayant 20 ans et jusqu’à l’âge de 25 ans accomplis, les conditions restent identiques à celles d’aujourd’hui: ils peuvent circuler librement avec leur myCard élève ou myCard jeunes.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.