FOTOEN: "Um Plateau"Camion ënner Zuchbréck hänkebliwwen - Zuchtrafic leeft nees

E Méindeg ass ee Camion ënnert enger Bréck hänkebliwwen, dat well d'Bréck wuel méi niddereg war, ewéi de Camionneur geduecht huet.

Dat Ganzt ass an der Montée de Clausen geschitt, wann ee vu Clausen Richtung Alstad fiert. Tëscht der Stad an Dummeldeng war den Zuchtrafic eng Stonn ënnerbrach.

Iwwert d'Klausener Bréck fiert d'Zuchlinn 10 tëscht der Stad a Gouvy.