Elo awer netFÖDP geet net mat an d'Chamberwalen

Et gouf se net laang, si wollten eng gréng Alternativ sinn, elo gëtt et d'FÖDP awer net méi a si ginn deemno och am Oktober net mat an d'Walen.

De President vun der Fräi Ökologesch Demokratescher Partei, de Ronald Mordiconi, huet sech zeréckgezunn. Dat hätt der Partei enorm geschuet, sou datt näischt aus enger Participatioun bei de Wale gëtt, heescht et offiziell vum Vizepresident.

D'Partei géif ënnert anerem Numm awer weider gefouert ginn.

D'FÖDP, déi am September 2016 gegrënnt gouf, huet virun engem décke Mount op engem Kongress hire Walprogramm presentéiert. Déi gréng alternativ Partei wollt am Süde mat 12 Leit, 7 Männer a 5 Fraen, an d'Wale goen.

Hei d'Nimm vun de Kandidaten, déi sech opgesat haten:

1 *MORDICONI Ronald Esch-sur-Alzette M LU 45
2 *MELMER Steve Esch-sur-Alzette M LU 33
3 ALF Jacqueline Esch-sur-Alzette F LU 34
4 MORDICONI Brenda Niederkorn F LU 23
5 FERNANDEZ-ORTIZ Joana Belvaux F LU 21
6 BACK Christopher Schifflange M LU 31
7 BOCK Chantal Esch-sur-Alzette F LU 54
8 DILLMANN Patrick Esch-sur-Alzette M LU 47
9 MORDICONI Scully Esch-sur-Alzette F LU 22
10 STORS Marco Bascharage M LU 50
11 GAUTHIER Serge Dudelange M LU 36
12 MOLUKOW Alexander Esch-sur-Alzette M LU 32

* Spëtzekandidaten

PDF: Hire Walprogramm.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.