Hond an NoutHond souz um Huttbierg fest

Den Donneschdeg de Moien no 11.00 Auer ass d'Meldung erakomm, dass en Hond an engem Hang um Huttbierg géif festsetzen a weder erop nach erof géif kommen.

© Centre d'Incendie et Secours Rumelange - CIS Rumelange
Ee Passant huet dat bemierkt an direkt Hëllef geruff. D'Permanence vum CIS Rëmeleng an CISKT ass alarméiert ginn, fir de verongléckten Mupp aus senger mësslecher Lag ze befreien.

Mat der Dréileeder ass probéiert ginn, den Hond erofzekréien, ma den Hond war ob eemol esou veronséchert, dass e probéiert huet ze flüchten. Dat ass him dann och gelongen an huet säi Meeschter erëmfonnt.

Am Asaz waren de Rëmeleng LF1-1, Rëmeleng MZF1-1, Keel DLK2-1, Keel RW1-1 an den Keel KDOW.