112Zu Dikrech gouf eng Persoun ugestouss a liicht blesséiert

Zu Dikrech an der rue Clairefontaine gouf e Mëttwoch den Owend géint 20 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss an dobäi liicht blesséiert.

© Steve Müller (Archiv)

Tëscht Wecker a Bäerbuerg war e Mëttwoch den Owend géint 22.45 Auer e Motocyclist mat senger Maschinn gefall an huet sech dobäi blesséiert. Op der Plaz war de Samu.

Ee liicht Blesséierte gouf et dann nach géint 17.30 Auer op der Closdellt. 3 Autoe waren hei anenee gerannt. D'Ambulanze vun Housen a vun Ettelbréck waren op der Plaz, grad wéi den Asazzenter vu Buerschent.