Géint 17.40 Auer hat e Chauffer tëscht Nouspelt a Kielen an enger Kéier d'Kontroll iwwert säi Won verluer. De Mann huet den Auto op e Feld gesteiert, dee sech do iwwerschloen huet an am Gruef un d'Hale koum. De Chuaffer gouf dobäi net blesséiert.
Op der Plaz hunn d'Policebeamte festgestallt, datt de Mann ze déif an d'Glas gekuckt hat. Den Test war positiv an den Héchstwäert ëm dat Duebelt ze héich. De Führerschäi gouf doropshin agezunn.
Méi spéit um Owend krut e Policewon um Lampertsbierg vun engem Automobilist d'Virfaart geholl. Si hunn den Automobilist ënnert d'Lupp geholl. Et soll sech eraus stellen, datt och hien ze vill gedronk hat. Och hei gouf de Permis agezunn.
Ee weideren Asaz wéinst Alkohol hat d'Police e Mëttwoch den Owend géint 20.30 Auer nach an der Stad. Eng Patrull hat zoufälleg gesinn, wéi e Mann d'Personal an d'Clienten op der Terrass vun engem Café gestéiert huet. D'Beamten hunn den alkoholiséierte Mann zur Ried gestallt an doropshin ass d'Situatioun eskaléiert. Hien huet ugefaang ze jäizen a gouf handgräiflech. D'Beamten hunn him Handschellen ugedoen a koum an Arrest.