GeneratiounswiesselNora Back gëtt nei Generalsekretärin vum OGBL

Den Nationalcomité huet d'Nora Back um Dënschdeg de Moien op dee Posten designéiert, deen zanter 2014 net méi besat war.

OGBL: Nora Back ass nei Generalsekretärin (03.07.2018)
Den Nationalcomité huet d'Nora Back um Dënschdeg de Moien op dee Posten designéiert, deen zanter 2014 net méi besat war.

Beim OGBL gëtt e Generatiounswiessel preparéiert, d‘Nora Back gëtt nei Generalsekretärin. D‘Responsabel fir de Volet Santé gouf en Dënschdeg de Moie mat 89 Prozent vun de Stëmme vum Nationalcomité op dee Posten designéiert.

Extrait Nora Back



"Et ass eng grouss Erausfuerderung a gläichzäiteg eng grouss Chance fir mech" esou d'Nora Back. Weider ass déi nei Generalsekretärin dankbar, datt si dës Chance kritt huet. Natierlech huet een och e puer Ängscht fir esou en neie Wee ze goen, ma dee Wee wäert sech awer fannen, seet déi nei Generalsekretärin. Si ass elo scho laang dobäi a weess och, datt si deen Job gäre mécht. Mat där gudder Ekipp déi een huet, mam André Roeltgen als President, wäert een "dat scho schaukelen".

E Posten, deen zënter 2014 net méi besat war. De Generalsekretär vun deemools André Roeltgen war jo un d‘Spëtzt vun der Gewerkschaft gewiesselt. Den André Roeltgen wäert nach eemol seng Kandidatur fir d‘Presidence stellen, e Mandat, wat hien net onbedéngt wäert fäerdeg maachen, esou de Concernéierten.

D‘Nora Back kéint dann dono déi éischt OGBL-Presidentin ginn.

Op der Pressekonferenz, wou dëst annoncéiert gouf, ass och op d'Flüchtlingssituatioun an Europa agaange ginn, mat der Feststellung, datt massiv géint déi Genfer Flüchtlingskonventioun verstouss gëtt. Ma och beim OGBL ass een e bëssen am Walkampf ukomm.

Well vill méi dacks, wéi soss, huet den OGBL-President géint de Konkurrent LCGB gewiedert, mat deem een iwwerkräizt ass am Bâtiment, rezent am Fleegesecteur an och bei béide Fleegeversécherungen. Den LCGB gëtt däitlech als Alliéierten a Virbereeder vun enger zukünfteger CSV-Regierung gesinn.

Wat dës Regierung ubelaangt, gouf de Minister Nicolas Schmit ausdrécklech gelueft an de Sozialdialog mat dëser Regierung och. Och wann ee sech dësen Dialog nach méi a besser gewënscht hätt. Mä deen Dialog wier besser gewiescht wéi an de Juncker-Zäiten.

PK OGBL / Reportage Nico Graf



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.