Sproocheronnen100 Propose koumen an engem Online-Forum zesummen

Dës sollen dem neie Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch mat op de Wee gi ginn, dat am Kader vum 20-Joresplang fir d'Fërderung vun der Sprooch.

© Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

"Méi Kannerbicher op Lëtzebuergesch", "Administratioune musse méi op Lëtzebuergesch kommunizéieren" oder och nach "Lëtzebuergesch op enger A-Sektioun" - dat sinn nëmmen e puer vun den 100 Proposen, déi am Kader vun de Sproocheronnen an engem Online-Forum zesumme koumen. D'Resultater goufen der Press en Dënschdeg presentéiert. Dës sollen an den 20-Joresplang fir d'Fërderung vun der Sprooch anzefléissen.

Nom Gesetz iwwert d'Lëtzebuergescht an enger grousser Ëmfro iwwert d'Roll vun der Sprooch sollten déi 4 Sproocheronnen uechtert d'Land en zousätzlechen Aspekt an d'Diskussiounen erabréngen. 150 Leit hunn un deene Ronnen deelgeholl. Par konter war den Online-Forum méi besicht - hei hu 7.000 Leit hir Proposen eraginn. Beim Thema Bildung war zum Beispill eng kloer Ausso déi, datt d'Lëtzebuergesch d'Integratiounssprooch soll sinn, erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch, dat an der Crèche, an der ëffentlecher sou wéi an der privater, internationaler Schoul. Lëtzebuergesch dierft net un de Rand gedréckt ginn. Eng Suerg vun enger Partie Leit wier och déi, datt d'Dialekter ëmmer méi verschwannen.

Eng Iddi, déi och proposéiert gouf, ass déi, an eenzelen Domainen de Leit e Basis-Vokabulär ze vermëttelen. De Claude Meisch nennt d'Beispill vum Gesondheetssecteur. Hei wier et scho vun Hëllef, wann eng Infirmière ronn 500 lëtzebuergesch Begrëffer an hirem Beräich, am Spidol, also am Kontakt mat de Mënschen op Lëtzebuergesch kéint. Hei kéinten da ganz spezifesch a virun allem fir de jeeweilege Beräich geziilte Formatiounen ugebuede ginn.

Wärend de Sproocheronne goufen d'Iddien iwwregens och graphesch vun enger Kënschtlerin festgehalen - d'Resultat dovu gesitt Dir hei drënner. (Iwwer d'Linke sinn d'Grafiken am Groussen ze gesinn.)

Grafik 1 - Dikrech
Grafik 2 - Munneref
Grafik 3 - Stad Lëtzebuerg
Grafik 4 - Esch

© Educatiounsministère


© Educatiounsministère


© Edukatiounsministère


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.