Hëtzt an de Schoulen37 Grad Celsius a Schoulklassen

Temperature vu bis zu 37 Grad Celsius huet d’Léierpersonal an der Grondschoul um Kierchbierg gemooss. Virun allem an de Containeren eng elle Situatioun ...

Hëtzt an de Container-Schoulen um Kierchbierg (10.07.2018)
Temperature vu bis zu 37 Grad Celsius huet d’Léierpersonal an der Grondschoul um Kierchbierg gemooss. Virun allem an de Containeren eng elle Situatioun...

Déi lescht Wochen hunn Elteren a Léierpersonal bei der Gemeng intervenéiert, un der Situatioun huet sech awer bis elo näischt geännert.

Déi lescht Deeg ware ganz summerlech Temperaturen an a ville Schoulgebaier ass een der Hetzt an de Klassesäll nëmme schwéier meeschter ginn. Besonnesch héich Temperature sinn an der Grondschoul um Kierchbierg gemooss ginn.

D'Schoul um Kierchbierg war duerch déi vill nei Logementer, déi gebaut goufen, net méi grouss genuch. Eng Container-Struktur gouf dofir opgeriicht. 7 Klassen an e Foyer sinn hei ënnerbruecht. Iwwert déi lescht Deeg hätt d'Léierpersonal reegelméisseg Temperaturen iwwer 30 Grad Celsius an de Klassesäll gemooss.

Zanter Woche wier een a Kontakt mat der Gemeng fir Léisungen ze fannen, vum Léierpersonal wollt awer kee virun der Kamera eppes soen. D'Eltere ware schonn a Reunioune mat der Gemeng, fir Léisungen ze fannen. Déi lescht Reunioun hat ee viru 14 Deeg.

Elo si nach 3 Deeg Schoul, d’Eltere versprieche sech elo keng séier Léisung méi, si hoffen, datt awer op d'mannst bis d'Rentrée eng fonnt gouf. D'Schoulschäffe sot, datt een a villen neie Schoulgebaier, a virun allem a Container-Strukture gréisser Schwieregkeete mat der Hëtzt hätt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.