Richtung NordenTunnel Grouft war gespaart, Stau op der A7

E Mëttwoch an der Mëttesstonn koum et zu grousse Problemer am Trafic op der A7 a Richtung Norden, dat, well den Tunnel Grouft gespaart war.

© RTL Mobile Reporter
Kuerz no 14 Auer gouf den Tunnel Grouft  wéinst "Pollutioun" a Richtung Norden gespaart. Dëst huet zu gréissere Problemer am Trafic an engem längere Réckstau gesuergt. Nodeem den Tunnel nees fir kuerz Zäit opgemaach gouf, ass dunn eng zweete Kéier zougemaach ginn, esou datt et tëscht 14 a 15 Auer zu Stau op der Autobunn koum.