ZeienopruffFahrerflucht: Hond vun Auto ugestouss a stierft u senge Blessuren

An der Nuecht op e Mëttwoch gouf géint Mëtternuecht um Boulevard Royal ee Hond vun engem Auto erfaasst.

Den Hond ass op Grond vun de Blessure gestuerwen. De Chauffer vum Auto ass an onbekannte Richtung geflücht. Zeien, déi nëtzlech Informatioune fir d'Police hunn, solle sech bei der Police iwwer d'Telefonsnummer 24421200 mellen oder einfach um 113.