Reform vun de WaasserschutzzonenEt hätt ee sech méi Zäit gewënscht, fir iwwer den Dossier ze kucken

Mat enger maximaler Kapassitéit vu ronn 60 Millioune Kubikmeter ass de Stauséi dee gréisste Reservoir fir Drénkwaasser hei zu Lëtzebuerg.

© Danielle Goergen

De Stauséi un der Uewersauer gouf an de 50er Joren ugeluecht an alimentéiert och Haut nach ëmmer 90% vun der Populatioun. Fir d' Qualitéit vum Waasser ze erhale sinn d' Regioune ronderëm de Séi a Schutzzonen agedeelt. Dës sollen Enn vum Joer reforméiert ginn.

Reform vun de Waasserschutzzonen/Reportage Danielle Goergen



Do soll elo nogebessert ginn ... Et wéilt een op dat opbaue wat ee schonns huet ... déi nei Schutzzon ass dann och méi grouss an et huet een och d'Anzuchsgebitt matabezunn. Agedeelt ass dat Ganzt an 3 Zone – woubäi déi zweet nach eng Kéier ënnerdeelt ass- déi sech iwwer sechs Gemengen zéien a wou d' Reglementatiounen dann och ënnerschiddlech staark sinn. Déi éischt ass dobäi déi strengst, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

A genee dofir ass et och wichteg, fir d'Qualitéit vum Waasser ze schützen. Aner Reglementatiounen, déi et och haut scho gëtt, fënnt een dann elo och Schwaarz op Wäiss erëm. Sou dierf een dann zum Beispill net an de Bëscher, déi ënnert dës Schutzzone falen, grillen an de Knascht leie loossen. Och am Wunnengsbau sollen e puer Ännerunge geschéien, mee och hei wéilt ee keen ze vill limitéieren. D'Regioun ass sech hirer Aufgab awer ganz bewosst an dofir wéilt ee mat den eenzele Gemengen an de Baueren zesummen un dësem Projet schaffen, sou d'Carole Dieschbourg.

Duerno kënne si dann tëscht dem 15. September an dem 15. Oktober hir Avisen oder Reklamatiounen erareechen. Dëst wier nawell kuerzfristeg, fënnt den Antoine Rodesch, Buergermeeschter vu Rammerech. Et wier jorelaang um Dossier geschafft ginn an elo hätte si nëmmen esou kuerz Zäit, fir iwwert den Dossier ze kucken. Dat géing schwiereg ginn, ma et géing een dat bescht draus maachen.

Reaktioun op d'Reform/Reportage Danielle Goergen

Mam Naturpark Uewersauer a mam SEBES huet ee bis elo ëmmer gekuckt, fir Alternativen ze fannen fir eng aner Düngung a fir mat manner Pestiziden ze schaffen. Verschidde Punkten an der neier Propos sinn de Baueren awer nach ze vague. Bis elo hätt ee keng gréisser Problemer gehat, fir sech unzepassen, ma och d'Baueren hätte sech awer e bësse méi Zäit gewënscht, fir sech an deen neien Dossier eranzeschaffen, esou de Jean-Jacques Ludovicy, President vun der LAKU.

Et géing een awer schonns zanter Jore mat de Concernéierten zesummeschaffen, sou heescht et aus dem Nohaltegkeetsministère. Et géing ee sech de Maximum un Zäit huelen, dee méiglech ass, fir d'Leit ze informéieren, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

D'Zil ass et, fir d'Schutzzonen nëmmen esou grouss ze maachen wéi et néideg ass, well et wéilt ee keen onnéideg limitéieren. Den 22. Dezember leeft déi al Reglementatioun of, da soll déi nei a Kraaft trieden.

© Danielle Goergen


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.