LogistiksecteurEt wëll ee versichen, manner CO2 auszestoussen
Den CO2-Ausstouss an den Energieverbrauch si fir de Logistik-Secteur grouss Erausfuerderungen.
Vun RTL
Beim Transport vu Gidder kann Energie gespuert ginn, wat och ekonomesch Virdeeler huet. De Logistic-Cluster huet zu Lëtzebuerg ee Präis an d’Liewe geruff fir Entreprisen, déi CO2-Emissiounen aspueren.
De Logistik-Secteur zu Lëtzebuerg wiisst weider. Ëmmer méi Camions-, Zuch- a Fluchverkéier gëtt verbucht. De Secteur huet mat den CO2-Bestëmmungen nei Erausfuerderungen.
Bis 2020 wëll een an Europa den CO2-Ausstouss ëm 20 Prozent reduzéieren. Fir dat Zil ze erreechen, huet de Logistik-Cluster ee grénge Label an d’Liewe geruff, duerch deen d’Emissioune reduzéiert solle ginn.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.