BiwerFeier an engem onbewunnten Haus

E Freideg den Owend géint 19.30 Auer gouf de Centre d'Incendie et de Secours Maacher-Mäertert op Biwer an d'Kierfechtsstrooss geruff.

© CISGM
Am 1. Stack vun engem onbewunnten Haus war Dreck a Brand geroden.

Nodeems d'Dier vum Haus opgebrach gi war, konnten d'Pompjeeën d'Feier läschen.

© CISGM


Op der Plaz waren d'Pompjee vu Gréiwemaacher a Mäertert an och déi vu Biwer a Manternach.

© CISGM