Verweisung ignoréiertFra no 2 Verstéiss op Uerder vum Parquet festgeholl

Well eng Fra sech net un den ordonnéierten Hausverbuet gehalen huet, gouf d'Police op d'Plaz geruff.

Nogestallten Zeen...© RTL Archivbild
Am Kader vun haislecher Gewalt, den 17. Abrëll dëst Joer zu Klengbetten, huet déi concernéiert Fra hire Wunnsëtz op Uerder vum Parquet misse verloossen. Trotz dem ordonnéierte Verweis, ass d'Fra en Dënschdeg scho fir d'Zweet beim Haus opgetaucht.

Well si op en Neits géint déi gesetzlech Bestëmmunge verstouss huet, gouf d'Fra vun der Police festgeholl. Si huet sech e Mëttwoch missen virum Untersuchungsriichter veräntweren.