Serie: Zillänner vun der Lëtzebuerger Kooperatioun6. Deel: De Laos gehéiert zu den am mannsten entwéckelte Länner

Lëtzebuerg investéiert 1 Prozent vu sengem PIB an d'Entwécklungshëllef. D'lescht Joer waren dat 377 Milliounen Euro.

7 Länner ënnerstëtze mer dobäi besonnesch: Dat sinn eis Zillänner an der Kooperatioun. Dës 7 Länner stelle mer Iech an deenen nächste Wochen, all kéiers Méindes am Moiesjournal vun RTL Radio Lëtzebuerg vir.

6. Deel: International Hëllef fir de Laos
ONGen an Zillänner: Laos / Reportage Dany Rasqué


D'Educatioun, d'Gesondheetsversuergung an de Sozialsystem stinn am Fokus vun der internationaler Hëllef fir de Laos, deen zu engem vun de 7 Zillänner vun der Lëtzebuerger Kooperatioun gehéiert. 
De Grand-Duché huet d'lescht Joer mat 17 Milliounen Euro gehollef.

Nach huet de Laos de Statut vun engem "least developed country". Dat ass eng Bezeechnung vun de Vereenten Natiounen, déi 48 besonnesch aarm Länner hunn, Länner, déi och alt emol als véiert Welt betitelt ginn.
Dee Statut well de Laos awer bis 2020 hannert sech gelooss hunn.

5. Deel: "SOS Villages d'enfants monde Luxembourg" am Cap Vert

Eng ONG am Cap Vert - Reportage Dany Rasqué


Obschonn de Cap Vert sech an deene leschte Jore gutt entwéckelt huet, ass d'Liewen fir déi ronn 550.000 Mënschen alles anescht wéi einfach. Zu de grousse Problemer gehéiert, wéi och an deenen anere 6 Zillänner vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef, d'Aarmut an de Chômage. Dacks fir d'Populatioun e Grond, hiert Land ze verloossen an sech éierens anescht eng Zukunft opzebauen.

Genee dat hunn an der Vergaangenheet vill Kapverdianer gemaach. An Tëschenzäit ass d'Zuel vun de Kapverdianer, déi am Ausland liewen ongeféier genee sou héich, wéi déi vun de Kapverdianer, déi nach an hirem Land sinn.
Och bei eis liewen e puer dausend Mënschen, déi vum Cap Vert kommen. E Land an deem de Grand-Duché schonn zënter den 80 er Joren hëlleft a probéiert besser Perspektiven fir d'Leit ze schafen.

D'Educatioun um Cap Vert ass däitlech besser, wéi an aneren aarme Länner. Bal 90 Prozent vun de Leit kënne liesen a schreiwen an awer ass de Chômage héich, besonnesch bei deene Jonken, déi de gréissten Deel vun der Populatioun ausmaachen. D'Altersmoyenne leit bei grad emol 26 Joer.

2/3 vun de Famillen kréie finanziell gehollef vu Leit, déi ausgewandert sinn. Am ganze maachen d'Suen, déi aus dem Ausland kommen 20 Prozent vum PIB aus.

An awer liewe vill Leit a groussem Misär. Dacks ass d'Situatioun esou schwiereg, datt Famillen net méi no hire Kanner kucken an se fale loossen. Zum Beispill ëm déi Kanner këmmert sech d'ONG "SOS Villages d'enfants monde Luxembourg", déi schonn zënter 35 Joer um Cap Vert aktiv ass an an Tëschenzäit zwee Kannerdierfer leed an deenen am Ganzen eng 200 Kanner wunnen.

4. Deel: Terre des Hommes am Nicaragua
ONGen an Zillänner: Nicaragua / Reportage Dany Rasqué



An de leschten 13 Joer ass den Tourismussecteur am Nicaragua all Joers ëm ronn 5 Prozent gewuess an d'lescht Joer goufe méi wéi 1,8 Milliounen auslännesch Visiteure gezielt. D'Kris dierft elo awer e groussen Abroch mat sech bréngen. Wéinst den Onrouen an der Onsécherheet kommen dëst Joer keng Touristen an iwwerall musse Restauranten an Hoteller hier Dieren erëm zoumaachen.
Vun den 120.000 Aarbechtsplazen am Tourismussecteur ass schonn d'Hallschent verluer gaangen, de Chômagetaux louch virdru scho bei bal 60 Prozent.

Dat sinn awer nach laang net déi eenzeg Konsequenzen vun den Onrouen. Bis elo gouf e Wirtschaftswuesstem vu 4,7 Prozent virausgesot. An Tëschenzäit rechent d'Zentralbank am Nicaragua just nach mat engem Plus deen tëscht 0,5 an 1,5 Prozent läit an engem Inflatiounstaux, dee bis op 8,5 Prozent kéint klammen.

Terre des Hommes ass eng vun den ONG'en, déi schonn zënter Joren am Nicaragua aktiv ass. Zum Beispill mat engem Projet an der Haaptstad Managua, bei deem et drëms geet fir Kanner a Jonken ze hëllefen, déi a ganz prekäre Situatioune liewen. Den Ament reagéiert een awer éischter op d'Angscht déi ganz vill Leit hunn. D'Monique Berscheid, Presidentin vun Terre des Hommes:

"
No 5 Auer traut sech zu Managua kee méi op d'Strooss, well do déi Säuberung-Aktioune vun de Para-Miltäre, déi vun der Regierung ugefuerdert si stattfannen an dass mir eben och eiser Partnerorganisatioun gesot hunn, an domat ass de Ministère och averstanen, dass eben elo vläicht Aktivitéiten déi geplangt waren net méi kënne stattfannen, mee aner Aktivitéiten, déi méi an d'Aide-Humanitaire ginn oder an d'Besoin Direct, dass mer déi kënne mat eisem aktuelle Projet realiséieren."

3. Deel: ONG wëll de Leit am Senegal eng Zukunft ginn
ONGen an Zillänner: Senegal/Reportage Dany Rasqué



D'Aarmut, Leit, déi keen Accès zur Educatioun hunn an e gewësse Fatalismus bedéngt duerch d'Relioun.

Dat sinn, wéi an aneren Entwécklungslänner och, déi grouss Problemer am Senegal, engem vun de 7 Zillänner vun der Lëtzebuerger Kooperatioun.

D'ONG vun de Guiden a Scoute fir ENG Welt hëlleft elo schonn 30 Joer op der Plaz, en Anniversaire, deen iwwregens och dës Woch gefeiert gëtt.

D'ONG wëll mat hirer Hëllef de Leit eng Zukunft am eegene Land ginn.

2. Deel: Ecpat am Mali

ONG Ecpat am Mali aktiv / Reportage Dany Rasqué



Am Mali muss ongeféier d'Hallschent vun den 19 Millioune Mënsche mat manner wéi 1,25 US Dollar den Dag auskommen. Net fir näischt gehéiert d'Land zu deenen 10 äermsten op der Welt.

De Mali ass staark ofhängeg vun der Entwécklungshëllef an ass och eent vun de 7 Zillänner vun der Lëtzebuerger Kooperatioun, déi mer Iech iwwert de Summer virstellen.

De Grand-Duché huet d'Populatioun am westafrikanesche Land d'lescht Joer mat 17,3 Milliounen Euro ënnerstëtzt.

Bal d'Halschent vun deene Suen gouf an d'Agrikultur an an d'Entwécklung vum ländleche Raum investéiert. Kee Wonner, well d'Landwirtschaft ass dee wichtegste Secteur am Land, nach virun der Fëscherei an dem Biergbau.

Op der Plaz ënnerstëtzt d'ONG Ecpat verschidde Projeten. D'ONG huet zënter 2007 e Büro am Mali an deem eng Lëtzebuergerin an zwou Persounen aus dem Mali beschäftegt sinn. 


1. Deel: Care am Niger
ONGen an Zillänner: Care am Niger / Serie Dany Rasqué



Am 1. Deel goung et ëm den Niger, dat äermste Land op der Welt. E Land an deem, der Weltgesondheetsorganisatioun an der Unicef no emol net all zweete Mënsch Accès zu propperem Drénkwaasser huet.

E Land, an deem e Fernseh doheem an der Stuff eng Raritéit ass. 2005 konnte sech grad emol 6,8 Prozent vun der Populatioun dee Luxus leeschten an den Internet, deen aus eisem Liewen net méi ewechzedenken ass, hunn am Niger 2016 just bësse méi wéi 2 Prozent vun de Mënschen iwwer 15 Joer benotzt.

Et ass ouni Zweiwel e Land dat Hëllef brauch. Lëtzebuerg huet d'lescht Joer verschidde Projeten mat 26,7 Milliounen Euro ënnerstëtzt.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.