Hole-Punch CloudKomesch Wolleke-Formatiounen um Himmel ...

En Dënschdeg de Moie konnt een um Himmel iwwer Lëtzebuerg e komesche Phenomen gesinn: Lächer matten an de Wolleken.

© Si Karier
Fir d'éischt si mer an der Redaktioun vum RTL.lu dovun ausgaangen, dass eventuell e Fliger do kéint eng Extra-Ronn gedréit hunn, well e mam Landen nach huet misse waarden. Ma et ass en anere Phenomen, dee sech "Hole-Punch Cloud" nennt.

Och iwwert dem Bouillon zu Hollerech waren 2 Lächer um Himmel ze gesinn.© Fabienne Reis-Lahure


Dës Wolleke-Formatioun kann een nëmme ganz seelen um Himmel entdecken a fotograféieren. Volltreffer also, deen d'Lach an de Wolleken en Dënschdeg de Moien entdeckt huet.

Wéi dëst Lach iwwerhaapt entsteet, ass aktuell nach net erfuerscht ginn. Déi gängegst Erklärung ass, dass aus enger gréisserer Héicht Äiskristallen erofgefall sinn an op Wolleken aus Waasser getraff sinn.  Treffen d'Waasserdrëpsen op dës Äiskristallen, gi déi méi schwéier, falen erof an deemno léist d'Wollek sech op där Plaz op.

D'Hypothees, dass e Fliger eppes mam Phenomen ze dinn huet, ass och net sou falsch. Duerch den Ënnerdrock wärend dem Vol bilde sech nämlech d'Äiskristallen. Bis ewell ass dat awer just eng Theorie.

D'Hole-Punch-Cloud en Dënschdeg de Moien um 7 Auer zu Wolz.© Jean-Claude Hardt


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.