Rettungshelikopter op der Plaz2 Accidenter mat Motocyclisten bei Housen a Wolz

Kuerz no 10 Auer huet e Motocyclist an der Géigend vun Housen d'Kontroll iwwert seng Maschinn verluer an ass gefall.

© RTL Archivbild

De Rettungshelikopter gouf op d'Plaz tëscht Housen a Rouderssen geruff.

Tëscht Wolz a Mäerkels ass géint hallwer 2 och ee Motocyclist bäigaangen a gouf schro verwonnt. Och do war den Helikopter geruff ginn.

Tëscht Elleng-Gare a Munneref hate sech een Auto an ee Motorrad ze pake kritt. De Motocyclist gouf blesséiert.

Bei der Gare an der Stad wéi och an der « Grand-Rue » zu Waasserbëlleg ass all Kéier eng Persoun ugestouss a verwonnt ginn.