PoliceasätzCourse-Poursuite a Kläppereien um e-Lake a Picadilly

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg hat d'Police nawell op e puer Plazen am Land eppes ze dinn.

Police© Police
Course-Poursuite mat Alkohol am Blutt
Zu Rolleng bei Péiteng war d'Police Hënt géint 3 op en Automobilist opmierksam ginn, dee vill ze vill um Tacho hat.
D'Beamte si mat der bloer Luucht hannendru gerannt.

Ma de Chauffeur huet versicht sech duerch d'Bascht ze maachen.
No enger méi laanger Course-Poursuite konnt de Chauffeur um Enn net wäit ewech vun der belscher Grenz gestoppt ginn.

Den Alkoholtest war positiv. De Führerschäin ass fort.

Eventuell Brandstëftung zu Hiefenech

Hënt huet zu Hiefenech eng Poubelle gebrannt - d'Police an d'Pompjeeë konnte verhënneren datt d'Feier sech géif verbreeden. Brandstëftung gëtt net ausgeschloss, méiglech Zeie sollen sech dofir bei der Police vu Miersch mëllen.


Handgräiflechkeeten um e-Lake a Picadilly
Zu Iechternach um e-Lake wéi och zu Stadbriedemes um Picadilly huet d'Police e puer mol missen agräife wëll Leit handgräiflech goufen.