VIDEO - Rackés MillenDéi eelste Waassermillen, déi nach funktionéiert

Zu Äischer an der Gemeng Kiischpelt gouf e Sonndeg e Millefest gefeiert, op der "Rackés Millen".

Op der "Rackés Millen": Millefest zu Äischer (12.08.2018)
Zanter 1824 gëtt et d'Waassermillen zu Äischer. Et ass den Ament déi eenzeg Mille vun där Zort am Land, déi nach funktionéiert.
Den Numm huet si vun hirem fréiere Proprietär, der Famill Racké. Dem Willy Racké säi Grousspapp huet 1920 d'Mille kaaft. 90 bis 100 Tonne Miel goufe pro Joer produzéiert.

Mëttlerweil gehéiert d'Waassermillen der Robbesscheier.

De Luc Schrantz vun der Robbesscheier



Verschidden Aktivitéite ginn d'Joer iwwer fir Schoulklassen an Touristen ugebueden.





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.