NEI FOTOENDen Opbau vun der Schueberfouer 2018 ass a senge leschten Zich

Wéi vill Spiller a Restaurante fënnt een dëst Joer op der Fouer? Wéi laang dauert se? Wéi kënnt een dohinner? Hei e puer Informatiounen.

Et kommen 23 Attraktioune fir Erwuessener an 20 fir Kanner. Derbäi 69 Spiller, 15 Restauranten, 35 Snacken an 18 Confiserien.

Och eng Partie nei Attraktioune wéi Infinity, Tiki Party, Aquaboats, Tower Jump oder Tea Party sinn derbäi.

Dëst Joer erëm derbäi sinn ënnert anerem: Circus Circus, Power Tower 2, Spinning Racer, Happy Sailor, Break Dance, Après-Ski Party an Thriller.

Schueberfouer: 678. Editioun (17.08.2018)
Wéi vill Spiller a Restaurante fënnt een dëst Joer op der Fouer? Wéi laang dauert se? Wéi kënnt een dohinner?


An der Scheffer-Allée sinn eng 70 Stänn.

33% vun de Forraine sinn dëst Joer aus Lëtzebuerg, 35 aus Frankräich, dono kommen der Rei no d'Belsch, déi Däitsch an d'Hollänner.

FOTOGALERIE: Biller vun der Presentatioun vun der Fouer 2018.

Vun Donneschden, 23. August bis Dënschden, 11. September
Wei ëmmer ass d'Freedefeier fir den Ofschloss dënschdes um 22 Auer op der rouder Bréck.

De Weekend ass ëmmer fräi Nuecht freides a samschdes bis moies 2 Auer.

Den Tram fiert déi Deeg dann och bis moies hallwer 3 mat leschtem Depart vun der Stäreplaz aus. Och de Busreseau gëtt mat zousätzlechen Trajeten op verschiddene Linne verstäerkt. Den Detail fënnt der op www.fouer.lu

De Parking Schuman ass dëst Joer zou!

De Passage vum Tram duerch d‘Scheffer-Allée gëtt vu roude Luuchten a souguer Leit virun den Zebrasträifen ofgeséchert, déi d‘Foussgänger op den Tram opmierksam maachen, wann e laanschtfiert.

Fouer





Hei ginn et alleguerten déi offiziell Informatiounen iwwert d'Fouer 2018 am Pdf:

Affiche_Schueberfouer_2018
CFL_bus_nuits_blanches_Fouer_2018
Cuvee_Schueberfouer_etiquette_2018
Depliant_Changements_bus_Schueberfouer_2018
Depliant_Schueberfouer_2018
Exigences_securite_alimentaire_v2018
Presentation_Schueberfouer_2018
Recommandations fourniture d'eau_v2018
RGTR_Schueberfouer 2018
Schueberfouer_2018_Plan_circu
Schueberfouer_2018_Plan_circu_Limpertsberg
Schueberfouer_2018_Plan_circu_Pfaffenthal
Communique VDL_Cuvée_Schueberfouer_2018
Communiqué_MEN_activités d'été Schueberfouer 2018
Communique_Police_Schueberfouer_2018
Dossier de presse VDL_Schueberfouer_2018
Pressedossier_VDL_Schueberfouer_2018
Securite_alimentaire_pendant_la_Schueberfouer_v2018



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.