HarespelstéchKeng Enkpäss méi bei Adrenalin-Stëfter zu Lëtzebuerg

Een Ament waren d’Mëttele wéi de FastJekt an den EpiPen hei zu Lëtzebuerg net ze kréien.

Leit, déi allergesch sinn, op Insektegëfter kënnen opootmen. Vu Mëttwoch u kritt een an den Apdikten d'Medikament Anapen.

Souwuel an enger Doséierung fir Erwuessener, wéi och fir Kanner.

Et sinn allkéiers Päck vun zwou Sprëtzen.

Dat huet ons de Syndikat vun den Apdikter confirméiert.

D'Medikament Anapen gëtt awer nach net vun der Krankekeess rembourséiert.

RTL hat jo dëser Deeg a Reportagen drop higewisen, datt et den Ament keng Adrenalinsprëtzen géint allergesch Reaktioune méi ze kafe gouf.

Hei d'Reportage vum 24. August:

Harespelstéch: Enkpäss bei Adrenalin-Stëfter zu Lëtzebuerg (24.08.2018)
Den Ament sinn d’Mëttele wéi de FastJekt an den EpiPen hei zu Lëtzebuerg net ze kréien.

Allergiker sollen ëmmer präventiv Medikamenter respektiv en Adrenalin-Stëft dobäi hunn.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.