Auto op der KoppEe Blesséierte bei Accident tëscht Haassel an Alzeng

En Dënschdeg de Moien huet en Automobilist sech mat sengem Gefier um CR162 tëscht Haassel an Alzeng iwwerschloen.

© Olidom Multimedia
Eng Persoun gouf bei deem Accident blesséiert. Géint 10.15 Auer war den Accident geraumt an d'Streck nees fir den Trafic op.



Géint 6.40 Auer huet et um Schumannseck gerabbelt. Hei waren 3 Autoen involvéiert. 1 Persoun gouf blesséiert.

Kuerz virun 8 Auer gouf et en Accident tëscht 2 Autoen zu Iechternach. 2 Persoune goufen hei blesséiert.

Géint 9.40 Auer dunn huet op der A3 Richtung Stad geknuppt. Hei waren en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert.

Auto op der Kopp: Accident tëscht Haassel an Alzeng (11.09.2018)
Beim Accident en Dënschdeg de Moie gouf eng Persoun blesséiert. - Onkommentéiert Biller vun der Plaz vum Accident.