DP-WalprogrammTrotz Karriär, genuch Zäit fir Famill a Fräizäit

No där Devise stellt sech ee vun de 5 Piliere vum Walprogramm vun der DP op, wou et ëm d'Aarbecht an d'Famill geet.

Trotz Karriär, genuch Zäit fir Famill a Fräizäit (12.09.2018)
No där Devise stellt sech ee vun de 5 Piliere vum Walprogramm vun der DP op, wou et ëm d'Aarbecht an d'Famill geet.

Fir d'Regierungspartei ass kloer, dass de reforméierte Congé parental e grousse Succès ass. D'Auswierkunge sollen an der Praxis weider bilanzéiert an noutfalls ugepasst ginn. Dernieft wäert mat der DP e Congé-Parental-Plus agefouert ginn, deen och eng Garantie gëtt, dass d'Aarbechtsplaz geséchert bleift.

E Kannerveräinsbus wäert zesumme mat de Gemengen agefouert ginn, deen den Transport vu Kanner aus de Schoulen op ausserschoulesch Aktivitéiten, wéi Sport- oder Kulturveräiner, sécherstellt. Dee Service gëtt integral vum Staat finanzéiert. 

Parallel soll de Pappecongé och an Zukunft fir déi Selbststänneg gëllen.

D'DP steet dann och fir eng Jores-Aarbechtszäit an, wou déi legal Héchstschaffzäite pro Dag oder pro Woch awer agehale ginn.

Den Teletravail soll da promouvéiert ginn, op dee virun allem d'Frontaliere solle kënnen zeréckgräifen. En Ofkommes mat de Nopeschlänner soll dofir verhandelt ginn.

Um aktuellen Indexsystem, wéi och um Pensiounssystem soll festgehale ginn.

D'Iwwerstonnen an der Fonction publique solle steierfräi ginn, sou wéi dat och ewell schonn am Privatsecteur de Fall ass.

An et soll a puncto Chômage zu enger Weiderbildungsoffensiv fir schwéier vermëttelbar Chômeure kommen. D'Adem muss deemno bannent engem Mount all gemelltem Chômeur e Weiderbildungsplang fir seng berufflech Zukunft virleeën.

© Joel Detaille / RTL Radio Lëtzebuerg


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.