PoliceStreidereien, Zickzack an Alkohol
Eng Partie Leit hu mussen hire Permis ofginn ...
Vun RTL

Zu Biereng ass en alkoholiséierte Chauffer mat sengem Auto an zwee Gefierer gerannt, déi laanscht d'Strooss geparkt waren. Och hien ass säi Permis lass.
Guer kee Führerschäin hat deen Automobilist, deen d'Beamten e Freideg den Owend um 22 Auer zu Stroossen an der Areler Strooss gestoppt hunn, well en ze séier ënnerwee war. Hien hat 64 amplaz 50 km/h drop. De Chauffer hat och nach ze vill gedronk a gouf protokolléiert.
Tëscht Angelduerf an Ierpeldeng ass de Beamten e Samschdeg de Moie fréi um 3.45 Auer en Auto opgefall, deen am Zickzack gefuer ass. ch dee Chauffer ass säi Führerschäin wéinst ze vill Alkohol lass.