VIDEO: Déi Jonk vum MouvEcoOp d'Problematik vum Plastik opmierksam maachen

Déi Jonk vum MouvEco hunn sech déi leschte Wochen a Méint vill Gedanken iwwer d'Produktioun an d'Consommatioun vum Plastik gemaach.

Déi Jonk vum MouvEco an deen nationale Plastikdag (15.09.2018)
Op d'Problematik vum Plastik sollt mat Hëllef vun enger origineller Demo opmierksam gemaach ginn.

Lëtzebuerg läit weltwäit mat virbäi, wat d'Produktioun u Plastik ugeet. Katastrophal ass d'Situatioun an eise Mierer. Mat enger Aktioun e Samschdeg de Mëtteg wollten déi Jonk vum Mouvement Ecologique op dës Problematik opmierksam maachen.

Mat enger grousser Portioun Ironie sinn déi Jonk vum MOUVECO e Samschdeg de Mëtteg duerch d'Stroosse vun der Haaptstad gezunn. Op dës Manéier wëlle si op d'Problematik vum Plastikverbrauch zu Lëtzebuerg awer och weltwäit hiweisen.

All Lëtzebuerger produzéiert 52 Kilo Plastikoffall pro Joer. D'Iren souguer 62 Kilo op de Kapp pro Joer. Mat 12 Kilo Plastikoffall pro Kapp produzéieren d'Kroaten dee mannsten.

NB: Am Ufank war dee falsche Video am Artikel verlinkt. De Feeler ass antëscht verbessert. Mir entschëllegen eis dofir.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.