EntwarnungKeen Abroch am Raum Miedernach - Falschen Alarm vun der Police

D'Police hat via Twitter gemellt, dass een am Raum Miedernach keng friem Leit soll mam Auto mathuelen, well et an Abroch gouf. Déi Info war awer falsch.

Den Abroch, deen um Mëttwoch de Moien an der Géigend vu Miedernach gemellt gouf, konnt vun de Beamten net confirméiert ginn.

Wéi et am Policebulletin heescht, hätt sech no deementspriechenden Iwwerpréiwungen erausgestallt, datt et sech net ëm en Abroch gehandelt hätt. Do virdrun hat d'Police en Appell un d'Automobiliste lancéiert, keng friem Persoune mam Auto matzehuelen. 4-5 Persounen wieren nämlech op der Flucht.