Stater GeriichtLee Michel Baseggio wéinst Fälschung a Bedruch ugeklot

Um Stater Geriicht goufe 4 Joer Prisong fir de kuerzzäitege Kandidat vun "Demokratie 2018" fir d'Chamberwalen, Lee Michel Baseggio, gefrot.

"Seng Virstrofe schwätze Bänn a säin Optrieden ass eng Gefor fir d'Gesellschaft!", dat sot de Vertrieder vum Parquet den Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht am Prozess géint de Lee Michel Baseggio. De 37 Joer ale kuerzzäitege Kandidat vun "Demokratie 2018" fir d'Chamberwalen a Grënner vu "Fräi Wieler" war ënnert anerem wéinst Bedruch a Fälschung ugeklot. Fir säi Prozess war hien iwwregens net an d'Cité judiciaire komm!

Stater Geriicht/Reportage Eric Ewald

Dem Beschëllegte goufen zwou Affären aus dem Joer 2016 virgehäit, e Joer, an deem hien als Psycholog opgetruede war.

Dat, nodeems hie sech zanter 1999/2000 ewell als Paschtouer, Affekot, Maître en droit, Psychotherapeut a juristesche Beroder ausginn hat. Heifir gouf hien och scho veruerteelt, wéi de Vertrieder vum Parquet et ervirgehuewen huet, ënnert anerem zu enger Prisongsstrof vu 15 Méint. E bësse speziell war an dësem Fall, dass dem Ugeklote seng falsch Diplomer vun der zoustänneger Kommissioun vum Héichschoulministère als richteg duerchgewonk goufen. Dem Vertrieder vum Parquet no wäre souwuel d'Fälschung, duerch déi hien eng Aktivitéit exerzéiert hätt, fir déi hie keng Qualifikatioun hat, wéi och de Bedruch vu Clienten zréckzebehalen. 4 Joer Prisong wär dofir eng ugemoosse Strof.

Do virdrun hat e Polizist ausgesot, virzejoert wär opgefall, dass de Lee Michel Baseggio als Psycholog schaffe géif an zwee Masteren op deem Gebitt vun auslänneschen Unien hätt. Well sech de Mann "net déi 1. Kéier falsch Titelen ugëeegent hätt", wär een der Saach nogaangen. Bei de Recherchë koum eraus, dass den Diplom vun enger Uni an England gefälscht war an et keng Spuer gouf vun där anerer Uni am US-Staat Florida. Bei enger Perquisitioun, an där tëscht Gänseféisercher, Praxis vum Mann wär allerdéngs d'Homologatioun vun den Diplomer duerch den Héichschoulministère fonnt ginn! Zur Ausso vum Ugekloten, hien hätt seng Etüde per Fernstudium gemaach, hätt een als Police awer kee Beweis kritt, soudass dat sech als e weidere Bedruch erausgestallt hätt. Allerdéngs hätt de Beschëllegten och net vill mat senger Aktivitéit verdéngt.

An deem Kontext huet eng Fra an der Sëtzung hire Schued vun 1.000 Euro zréckgefrot an de Me Sebki, Affekot vun enger weiderer Fra, 18.150 euro Schuedenersatz fir si. D'Uerteel gëtt den 11. Oktober gesprach.