FOTOEN a VIDEOEN - Euroskills 2018Ofschlosszeremonie a Freed iwwer d'Resultater

Vum 26. bis den 28. September waren d'Euroskills zu Budapest. Op RTL.lu hu mir Iech iwwert d'Performancë vun de Lëtzebuerger Vertrieder informéiert.

An der ungarescher Haaptstad waren bei den Europameeschterschaften am Handwierk alles an allem 28 Länner mat ronn 600 jonke Participanten (Maximalalter: 25 Joer) vertrueden - dorënner och 4 Lëtzebuerger. Eng Chronik vun dëser EM, déi en Dënschdeg den Owend lancéiert gouf, wou um Mëttwoch, Donneschdeg a Freideg geschafft gouf an op där um Sonndeg d'Resultater komme sollen ... Hei d'Chronik vun enger intensiver Woch.

Samschdeg den Owend: Ofschlosszeremonie mat vill Tréinen
E Samschdeg Owend sinn op enger grousser Ofschlossgala d'Euroskills 2018 offiziell clôturéiert ginn. Déi ganz Delegatioun vum Team Lëtzebuerg hat d'Schaffkleeder an de Koffer verstaut a sech an e feierlechen Dress geworf, fir dësem Owend de würdege Kader ze ginn. Trotz dem fräie Samschdeg war de Kandidaten awer de ganzen Dag d'Nervositéit an d'Uspanung an d'Gesiicht geschriwwen; si wollten endlech wëssen, wéi si bei de Kompetitiounen ofgeschnidden hunn a wéi si sech elo endgülteg placéiert hunn.

Et muss een den Organisateure vun den Euroskills e grousse Respekt ausschwätzen, well si hunn de jonken Talenter aus Europa mat dëser Ofschlosszeremonie eng Erfarung erméiglecht, déi si wahrscheinlech hiert Liewe laang an Erënnerung wäerte behalen. All d'Beruffer vun de Kompetitioune goufen noeneen op d'Bühn geruff, wou sech déi dräi Éischt vun all Concours feieren duerfte loossen; inklusiv ganz vill Tréinen - déi meescht vu Freed, awer och Vereenzelter aus Enttäuschung.

Uspriechend Placéierungen a Scoren

No an no goufen all d'Medaile verdeelt an du koum et och schonn zu de Kategorië vun de Lëtzebuerger Kandidaten. Déi deziméiert Ekipp, den Daniel huet jo krankheetsbedéngt de Concours leider missen ofbriechen a gouf dowéinst net an d'Wäertung mat opgeholl, huet dunn op hire grousse Moment gewaart, mä leider sollt et fir kee vun den 3 jonken Talenter fir eng Medail duergoen. D'Konkurrenz aus Europa war dunn awer eng Grëtz ze staark an et ass net duergaangen, fir eng Podiumsplaz ze erreechen.

No engem kuerze Moment vun Enttäuschung ass awer erëm d'Freed bei de Lëtzebuerger Participanten erëmkomm, wou si bis realiséiert hunn, wat si alles op dësem Concours erreecht hunn. Eis Kandidaten hu sech alleguer ganz éierbar placéiert, deelweis esouguer am ieweschten Drëttel vun der Competitioun, a wou si bis gesinn hunn, wéi eng grouss Natioune si deelweis an hire Concoursen hannert sech gelooss hunn, huet een an hire Gesiichter eng Spur vu Stolz gesinn. An dat konnte si och sinn, well d'ganz Ekipp war houfreg op si an huet hinne fir hir gutt Resultater gratuléiert.

No den Euroskills ass virun den Euroskills

Wat ganz positiv war, war déi kritesch Ausernanersetzung mat dësen Euroskills an zwar vun alle Säiten; souwuel vun de Kandidaten, wéi och vun de Coache bis hin zu den Offiziellen.

De Concours war natierlech net perfekt verlaf an et ass een op Ursaachesich gaangen: et goufen onglécklech gesondheetlech Réckschléi, da goufen deelweis kleng Dommheete gemaach, net opgepasst, vläicht mam ongewinnten Drock vum Concours net eens ginn; da muss een awer och soen, datt einfach Länner dobäi waren, déi sech während Méint a Jore mat enormer Akribie, bedéngungslosem Wëllen a mat haardem Training op dëse Concours virbereet hunn; deemno hei nach méi eng grouss Konzentratioun op dës Beruffseuropameeschterschaft geluecht gouf.

No der Ofschlosszeremonie gouf nach laang diskutéiert: Wat hätt kéinte besser lafen? Wéi kann een als Coach d'Kandidaten nach besser virbereeden? Wéi kann een als Worldskills Luxembourg de Kandidaten nach besser hëllefe bei der Virbereedung? Vläicht mat regionale Concoursen am Ëmland vu Lëtzebuerg?

Als ofschléissende Resumé kann ee festhalen, datt een e positiivt Fazit vun dësen Euroskills mat op Lëtzebuerg bréngt, mä datt een awer och vun alle Säiten d'Volontéit gespuert huet, fir an Zukunft verschidden Aspekter nei unzegoen an eis Talenter nach méi ze fërderen, fir vläicht schonn 2020 vun den Euroskills zu Graz eng Medail mat op Lëtzebuerg ze bréngen.

Et bleift op dëser Plaz nach dem Dany ze gratuléieren, deen als beschte Lëtzebuerger Participant ausgezeechent gouf an der ganzer Delegatioun eng gutt a sécher Heemrees ze wënschen.

Samschdeg de Moien: Ofschloss vun den Euroskills 2018
D'Kandidaten hunn de Samschdeg de Moien endgülteg hiert Schaffgeschir zesummegepaakt an an der Wallis verstaut. Den ustrengenden Deel vun den Euroskills 2018 zu Budapest ass offiziell eriwwer an eis 3 Kandidate kënne getrouscht houfreg op sech sinn a sech e Samschdeg op der Ofschlosszeremonie feiere loossen. Wéi grouss d'Intensitéit an d'Uspanung vun de leschten Deeg war, huet een e Freideg um gemeinsamen Owesiesse mat der Delegatioun gesinn. Huet ee sech éischter opgedréinten a motivéiert Jugendlecher virgestallt, déi Budapest endlech eng Kéier ausserhalb vun der Hungexpo wëllen erfuerschen, esou huet een éischter a midd Gesiichter a grouss Reefer ënnert den Ae gekuckt.

Nodeems um Freideg Nomëtteg d'Karin Meyer vun der Beruffsausbildung op d'Wichtegkeet vun enger gudder Educatioun higewisen huet, war et um Samschdeg Moien awer och aner Perspektiven ze héieren. D'Françoise Schmit vun der Chambre des salariés ass mat enger Delegatioun op Budapest ugereest, fir déi Wichtegkeet ze verdäitlechen, déi och si an nationalen an internationale Concourse gesinn an datt esou Events eng immens Plattform duerstellen, net nëmmen, fir eng gutt Ausbildung ze weisen, mä och, fir als Beruffsorientéierung ze déngen.

D'Françoise Schmit um RTL-Micro

Net nëmme Verantwortlecher aus dem Beräich vun dem Commerce, der Educatioun an dem Salariat hu positive Feedback zu dëser Euroskills-Competitioun an dem Optriede vun Team Lëtzebuerg ginn; och d'Handwierkerkummer war vertrueden, fir sech sur place hir jonk Talenter unzekucken. A besonnesch fir d'Handwierk, e Beruffsfeld, dat vläicht an der Aussenduerstellung munchmol als verstëbst an iwwerlieft ugesi gëtt. Grad esou Concoursen wéi dës Euroskills, wou elo iwwer 90.000 jonk an eeler Spectateuren do waren, hu gewisen, wéi innovativ, modern, technologesch héichentwéckelt a spannend dës Beruffer sinn. Den Tom Wirion vun der Chambre des métiers huet sech deementspriechend och ganz positiv iwwert dëse Promotiounswee geäussert a fënnt, datt esou gréisser international Concoursen duerchaus och eng Kéier kéinten a Lëtzebuerg organiséiert ginn.

Den Tom Wirion vun der Chambre des métiers

Elo gëlt et de Kandidaten en erhuelsame Samsdeg ze wënschen, dee si sech méi wéi verdéngt hunn. Mee d'Spannung wäert an den nächste Stonne sécherlech erëm klammen, wann et Richtung Ofschlosszeremonie geet. Da gi si endlech d'Resultater gewuer an hoffentlech kann Team Lëtzebuerg duerno voller gudder Emotiounen d'Heemrees untrieden.

Freideg den Owend: Et ass gepackt!
D'Competitioune vun den Euroskills 2018 si fir all d'Kandidatinnen a Kandidaten op en Enn gaangen. All d'Participantë vum Concours kënnen endlech, no dräi laangen Deeg, opootmen. Si hunn alleguer mat méi oder manner Bravour d'Euroskills hannert sech bruecht a waren soumat, schonn a jonke Joren, perfekt Ambassadeuren an Ambassadricë vun hirem jeeweilege Land. Dëst stëmmt natierlech och fir Lëtzebuerg, wou een nom Ofschloss vum Concours déi ganz Delegatioun gesinn huet, wéi se de Kandidaten op d'Schëllere geklappt hunn an hiren éierlech Merci fir déi super Leeschtungen ausgedréckt hunn. Natierlech weess elo nach keen, wéi si all ofgeschnidden hunn, mä am Fong ass dat och niewesächlech.

Mir haten d'Méiglechkeet an enger fräier Minutt e kuerzen Interview mam Karin Meyer vum Service vun der Formation professionelle ze halen. D'Madamm Meyer ënnersträicht dobäi nach eng Kéier de Sënn an Zweck vun den Euroskills a verweist op déi sëllechen interessant Beruffsméiglechkeeten, déi een an dësem Berufswee aschloe kann.

D'Karin Meyer

D'Aussoe vum Karin Meyer sti stellvertriedend fir d'Meenung vun der ganzer Delegatioun, sief et Coachen, Experten, Offizieller vun der Educatioun a vun de Chambren; d'Kandidaten hunn eng immens Pub fir sech, fir hire Beruff, fir d'Beruffsausbildung a fir Lëtzebuerg gemaach. D'Kënnen an d'Souveränitéit, wéi si och um Freideg hir Aufgabe geléist hunn, beweist, dass si gutt op dësen Event virbereet waren an dëst Wëssen och mat an hiert spéidert Beruffsliewen kënnen mathuelen.

De President vu Luxskills Luxembourg, de Gil Belling, war deementspriechend ganz houfreg, wou hien no engem Tëschefazit gefrot gouf. Opgrond vun engem Krankheetsfall konnt hie sech awer net zu 100% freeën, well d'Team Lëtzebuerg net a senger Totalitéit dëse Concours konnt op en Enn bréngen.

De Gil Belling

Elo heescht et mol fir eis Kandidaten de Concours verschaffen, duerchblosen an um Freideg den Owend mol eng éischt Kéier richteg genéissen. Si hunn hiert Bescht ginn. Elo ass et um Jury fir eng Decisioun ze huelen, déi e Samschdeg Owend op der Ofschlosszeremonie wäert dem Public matgedeelt ginn. Et bleift just de Kandidaten an hirem Team en agreablen Owend ze wënschen an datt si um Samschdeg déi Punkte kréien, déi si verdéngt hunn. Medailen hin oder hier.

Euroskills 2018 (30.09.2018)
Vum 26. bis den 28. September waren d'Euroskills zu Budapest. Op RTL.lu hu mir Iech iwwert d'Performancë vun de Lëtzebuerger Vertrieder informéiert.


Freideg de Moien: Startschoss fir den Endspurt

De Freideg Moie sinn eis 3 Participantë vum Team Lëtzebuerg eng leschte Kéier voller Uspanung an d'Budapester Hungexpo gefuer, fir op dem 3. a finalen Dag vun den Euroskills nach eng Kéier hiert Bescht ze ginn. Esou lues, awer sécher gesi si d'Enn vun hirem Projet ëmmer méi no kommen, wouduerch d'Nervositéit natierlech nach eng Kéier eng Grëtz méi héich wäert leien. Elo heescht et, déi ganz Konzentratioun zesummerappen, sech mam Coach gutt virbereeden an dann alles ginn, fir net nëmmen an der Zäit ze bleiwen, mä och nach de Jury z'iwwerzeegen.

Déi aner Länner sinn duerchaus och mat gutt preparéierte Kandidaten ugereest, mä Aschätzunge vun deem engen oder anere Coach an Expert deiten awer drop hin, datt eis jonk Lëtzebuerger méi wéi nëmme respektabel Performancë bis elo ofgeliwwert hunn a sech géintiwwer der Konkurrenz net ze verstoppe brauchen. D'Ausso, datt d'Beruffsausbildung a Lëtzebuerg, allgemeng awer och am europäesche Verglach, eis Schülerinnen a Schüler mat qualitativ héijem Knowhow virbereet a se gutt ausbilt, fir datt si an der Beruffswelt de gefuerderten Uspréch gerecht kënne ginn, wäert sech hei zu Budapest deemno wéi a gudde Plazen erëmspigelen.

Elo gëllt et, dem Dany, dem Sascha an dem Joe nach eng leschte Kéier d'Daumen drécken, fir datt si um Enn vum Dag mat sech zefridde wäerte sinn. A wann dann nach eng gutt Plaz dobäi erausspréngt, dann ass dat natierlech ëmsou méi erfreelech.

Euroskills: Impressioune vum Donneschdeg (28.09.2018)
Den Donneschdeg war deen zweeten Dag vun de Kompetitiounen op der EM vun den Handwierker, wou och 4 Lëtzebuerger derbäi sinn. Hei weider Andréck vu Budapest.


Donneschdeg (owes): Cocktail, Mäschen an Heizungen

Den 2. Dag vun den Euroskills huet trotz dem onglécklechen Ausscheede vum Landwirtschafts-Mechatroniker, dem Daniel, fir eis aner 3 Kandidate vun Team Lëtzebuerg e gudden Ausgang gehat. Den Owend konnt een allgemeng op zefridde Gesiichter kucken, obwuel d'Aufgabestellungen en Donneschdeg nach eng Kéier eng Grëtz méi usprochsvoll ware wéi e Mëttwoch.

Esou hunn eis Kandidate sech duerch verschidden Epreuvë misse kämpfen; erëm encadréiert vun de strengen Aen vum Jury an de méi wéi 25.000 Spectateuren, déi haut erëm de Wee an d'Budapester Hungexpo fonnt haten.

Net nëmmen d'Experten an d'Coachen hunn de Lëtzebuerger Kandidaten d'Daume gedréckt, si ginn natierlech och encadréiert vun enger Delegatioun, déi sech fir hir jonk Talenter staark mécht an hinnen déi beschtméiglech Konditioune bitt, fir hir Ausbildung an duerno hire Metier ausüben ze kënnen.

Virun de Mikro krute mir en Donneschdeg de Mëtteg de Roger Thoss vun der Chambre de Commerce, deen am ganze Gewulls kuerz op d'Bedeitung vun esou Concoursen agaangen ass an deen ënnerstrach huet, firwat dës Initiativen esou ee wichtege Stellewäert hunn a weider musse gefërdert ginn. Dobäi war hie besonnesch bei eisem jéngste Kandidat, dem Sascha, präsent, fir him bei senge Kompetitiounen d'Daumen ze drécken.

De Roger Thoss vun der Chambre de Commerce



Wat eis 3 Kandidaten ugeet, ass hiren Dag no haarde Stonne Concours en Donneschdeg den Owend op en Enn gaangen. Nom Mësche vun Negronien, dem Installéiere vu Schaltzentralen an dem Schaffen u liewege Käpp - e Mëttwoch huet den Dany nach um Poppemodell geschnidden, en Donneschdeg huet e wackelege Kapp vun engem Mënsch net méi esou gutt stallgehalen – sinn eis Kandidate just nach frou, fir zréck op hiert Zëmmer ze fueren an de finalen Dag e Freideg ze preparéieren.

Et bleift nach eng Kéier dem Daniel eng gutt Besserung ze wënschen an de Kandidaten déi néideg Rou dës Nuecht, fir datt si e Freideg hir gutt Performancë vun den 2 éischten Deeg bestätege kënnen.

Donneschdeg (moies): Ee Kandidat muss passen

Den 2. Dag vun den Euroskills 2018 ass leider mat enger traureger Nouvelle ugaangen. De Mechatroniker aus dem Team Lëtzebuerg, den Daniel, konnt leider aus gesondheetleche Grënn net méi untrieden an huet sech missen aus dem Concours zréckzéien. All Versich vun den Dokteren, de Medikamenter a genuch Rou si leider net duergaangen, datt den Daniel um zweeten Dag a gudder Verfassung untriede konnt. Och wann hien et wierklech wollt a sech duerchbäisse wollt, hie brauch elo déi néideg Zäit, sech ganz auszekuréieren. Dëst weist einfach, datt mir all ebe keng Maschinne sinn, mä Mënschen.

Et kann ee sech ëmmer eppes afänken, besonnesch wann een esou ënner Drock a Stress steet, wéi eis Kandidaten. Och wann d'Enttäuschung beim Daniel natierlech grouss ass, heescht et awer elo net de Kapp an de Sand stiechen. Konnt hien den Event net bis zum Schluss materliewen, esou huet awer dee ganzen Training, seng Harmonie mat sengem Coach an och dat Zesummewuessen tëscht de Kandidaten him wonnerbar Erfarunge bruecht, wou hien nach laang drun denke wäert an him keen dat huele kann. An opgrond vun dem Daniel sengem Fachwëssen a sengem Knowhow wäert dëst sécherlech net den eenzege Concours bleiwen, wou hie säi Kënne kann ënner Beweis stellen.

Déi ganz Delegatioun, a besonnesch säi Coach, sinn houfreg op den Daniel a wënschen him séier eng gutt Besserung. Well Concours hin oder hier, d'Gesondheet geet ëmmer vir.

Eis aner 3 Kandidate sinn en Donneschdeg de Moien dann an den 2. Dag vun der Competitioun gaangen, wou erëm vill verschidden Aufgaben um Programm stinn; dëst no enger kuerzer Nuecht, wou nach laang um Debrief zesumme gesiess, den Dag analyséiert an den haitegen Dag preparéiert gouf. Hei huet een den Éiergäiz vun de Kandidaten nach méi däitlech gesinn. Si sinn alleguer richteg am Concours ukomm, et huet an hiren Ae geblëtzt an et huet ee gesinn, datt si Blutt geleckt hunn.

Beim Sascha spillt sech um 2. Dag ënner anerem Villes am Beräich vum "Fine Dining" of, d.h. ganz elegantem Service, de Joe wäert weider u senge Réier schrauwen a seng Installatioune weider verfeineren an den Dany wäert sécherlech erëm bei de Spectateure fir grouss Ae suergen, wann hie seng ausgefale Frisuren entwërft.

Et bleift weider d'Daumen ze drécken, datt eis Ekipp gutt a virun allem gesond duerch den Dag kënnt.

Euroskills: Impressioune vum Mëttwoch (27.09.2018)
E Mëttwoch goung et lass mat de Kompetitiounen op der EM vun den Handwierker, wou och 4 Lëtzebuerger derbäi sinn. Hei e puer Andréck vu Budapest.


Mëttwoch (Dag): E gelongene Start an d'Competitioun

Nodeems d'Kandidaten e Mëttwoch de Moien hire jeeweilege Projet erkläert kruten, hu si sech och direkt un d'Aarbecht gemaach. Fir hire jonken Alter si si erstaunlech roueg bliwwen, well si net nëmmen dem strenge Bléck vum Jury hu misse standhalen, mä och deem vun den 30.000 Spectateuren, déi e Mëttwoch de Wee an d'Hungexpo fonnt hunn. Déi interesséiert Zuschauer stoungen deels just en hallwe Meter vun de Kandidaten ewech an hu se op all Schratt an Tratt begleet. Ëmsou erstaunlech war et deemno, datt eis Membere vum Team Lëtzebuerg esou gutt a souverän an hir jeeweileg Competitioune gestart sinn.

An d'Spectateure kruten e Mëttwoch zu Budapest villes gebueden a villen ass eréischt hei "live" bewosst ginn, wéi villfälteg d'Welt vun de Beruffer ass. Hei huet nieft dem Mecanicien, deen ënnert engem décke Camion louch, de Sculpteur mam Meessel eng héich filigran Figur modelléiert, fir datt dann de Landschaftsgäertner direkt niewendru seng Terrass leet an zwou Reie weider de Florist eng faarweg an dofteg Blummewelt entstoe léisst. Dës Lëscht vu verschiddene Beruffer kéint een nach laang weiderféieren an esou Evenementer wéi dës Euroskills illustréieren op idealem Wee d'Villfalt vu Beruffer an Handwierker, a beweisen, wat een alles mat Motivatioun a sengen Hänn erschafe kann.

Och fir eis Lëtzebuerger Delegatioun war e ganz diverse Programm opgestallt ginn: Goung et am Service éischter ëm d'Zoubereede vum Tartar, dem Preparéieren an Auserneenhuele vum Saumon an dem Austesten, wéi dann elo de Cappuccino seng perfekt Schaumkroun behält, hunn an der Coiffure mat der männlecher Kuerzfrisur an der weiblecher Gala-Frisur direkt 2 Extremer op d'Kandidate gewaart.

Net manner interessant waren d'Aarbechtsschrëtt vun den Heizungsbauer an de Mechatroniker. Déi éischt Réier goufen opgezeechent, geschnidden a gebéit an et ass ze hoffen, datt zum Schluss vun den 22 Aarbechtsstonnen déi final Heizung hänkt a se ënner Drock gesat ka ginn.

Bei der Mechatronik goufen um 1. Dag virun allem d'Basic-Kompetenze vun de jonke Kandidate getest. Well et muss een net ëmmer direkt de ganzen Trakter auserneebauen, ganz heefeg hëlleft et schonn, fir ze kucken, ob all Kabel an all Schalter wierklech och agestach sinn ... och dat ass ënner Zäitdrock an ënnert dem strenge Bléck vun de Jurore méi einfach gesot wéi gemaach.

Et bleift de Kandidaten eng erhuelsam Nuecht ze wënschen a vill Erfolleg fir en Donneschdeg, datt si déi gutt Performance vum Mëttwoch bestätege kënnen.

Mëttwoch (Moien): Offizielle Startschoss
Den offizielle Startschoss vun den Euroskills 2018 ass e Mëttwoch de Moien um 9 Auer gefall an eis 4 Kandidate vum Team Lëtzebuerg kruten hir jeeweileg Missioune virgestallt. Elo gëllt et, sech de Kapp ze zerbriechen, wéi dës Aufgabestellunge geléist kënne ginn. Ganz a Rou sech eng Strategie zu Recht ze leeën, fir méiglechst propper a souverän ze schaffen. Dëst ass awer méi einfach gesot wéi gemaach; net nëmmen, datt all d'Kandidaten ënner Zäitdrock stinn, mä an der éischter Stonn si schonn Dausende vu Spectateuren an den Halen ukomm, fir d'Competitioun live a vun no mat z'erliewen.

Euroskills 2018: Ouvertureszeremonie (26.09.2018)
Vum 26. bis den 28. September sinn d'Euroskills zu Budapest. En Dënschdeg den Owend war déi offiziell Ouverture, e Mëttwoch de Moien du goung et richteg lass.


Dënschdeg den Owend: D'Ouvertureszeremonie

Éier eis jonk Participante sech an de Concours hu misse schmäissen, huet et awer nach geheescht de Kostüm undoen, wéi d'Euroskills an engem imposante Kader offiziell ageweit goufen. An dësen Owend hat vun allem ze bidden: vill Spektakel, vill zefriddenen, opgereegte Gesiichter, eng Portioun Folklor, "interessant" politesch Vuen an eng Grëtz Skurrilitéit.

Och wann eis Kandidaten dëst Joer déi klengsten Delegatioun duerstellen, hu si eis Faarwen awer wierdeg presentéiert. Dat heescht, wann et eis Faarwe gewiescht wieren, dem ungareschen Organisateur war leider net bewosst, datt Lëtzebuerg kee Fändel mat den Hollänner deelt. Esou gouf eis Delegatioun mat deem falsche Fändel op d'Bühn geschéckt, mä och dat hu si souverän, mat engem Laachen, gemeeschtert.

Datt esou Events net ouni politesch Statements oflafen, huet een dunn an der Präsenz vum Haaptriedner, dem ungaresche Ministerpresident Viktor Orbán, gemierkt, deen eng Ried iwwer den Zesummenhalt vun der EU gehalen huet, bei där et nawell geflaamt huet - wat de Jean-Claude Juncker wuel dozou gesot hätt?

Zum Ofschloss hunn d'Kandidaten nach alleguer e bëssen zesummen op der Bühn gefeiert. Awer net ze laang, no der Zeremonie ass et nämlech séier an d'Bett gaange fir, fir deen aneren Dag och toppfit ze sinn. Ab elo gëllt et d'Daumen ze drécken an hinne vill Erfolleg ze wënschen.

Euroskills: Warm-up (25.09.2018)
Zu Budapest war et en Dënschdeg den Owend de feierlechen a freneteschen Optakt vun den Europameeschterschaften am Handwierk. (E kuerzen Extrait.)

D'Lëtzebuerger Kandidaten stelle sech vir
D'Delegatioun mat de jonke Kandidaten an hiren Traineren ass gutt zu Budapest gelant an si sinn an de leschte Virbereedungen, éier de Concours e Mëttwoch de Moien ufänkt. En Dënschdeg den Owend ginn d'Euroskills 2018 an enger offizieller Zeremonie opgemaach, wou och déi ganz Delegatioun wäert de Lëtzebuerger Fändel héichhalen.

D'Nervositéit bei der Ekipp ass awer ëmmer weider um Klammen, well si endlech weise wëll, wat si an de leschte Wochen a Méint, zesumme mat hiren Coachen, astudéiert an trainéiert huet.

Fir alleguer de Leit zu Lëtzebuerg, déi fest d'Daumen drécken, e klengen Abléck iwwert den Alldag vun eise 4 Participanten ze ginn, stelle si sech selwer an hire Metier an dëse kuerze Videoe vir.









Virstellung vun den Euroskills
Bei den Euroskills handelt et sech ëm d'Europameeschterschafte vun de Beruffer aus dem Handwierk, der Industrie an dem Handel. Fir datt ee sech eng ongeféier Gréisstenuerdnung vun dësem Event ausmole kann, sief drop verwisen, datt bei der leschter Editioun zu Göteborg an deenen 3 Deeg net manner wéi 65.000 Visiteuren do waren, fir d'Kandidaten z'encouragéieren. A laut Organisateure schéngt d'Editioun zu Budapest nach méi grouss ze ginn, well eleng am Virfeld scho 75.000 Visiteure registréiert goufen.



4 Kandidaten a 4 verschiddene Beruffer wäerten d'Faarwe vum Team Lëtzebuerg op dësen Europameeschterschafte vertrieden; encadréiert vu jeeweils engem Expert aus dem Fach a begleet vun hirem Teamleader. Si hu sech iwwert den nationale Concours, d'Luxskills, qualifizéiert a bewisen, datt si souwuel déi fachlech Kompetenz matbréngen, wéi och dem Drock standhalen, ënner Zäit viru Public präzis ze schaffen. Si sinn deemno an dësem Joergang déi beschten an hirem Fach aus eisem Land; si sinn Ambassadeure fir hire Beruffsstand, Ambassadeure fir déi héich Qualitéit vun der Beruffsausbildung an domat natierlech Ambassadeure fir Lëtzebuerg.

Iwwer de Concours

All Kandidat huet 22 Stonnen Zäit fir, ënner der strenger Beobachtung vun den Experten resp. dem Jury, en ausgewielte Projet ze realiséieren. Dëse Projet ass jee no Beruff entweder scho bekannt a konnt deemno untrainéiert ginn, ass just zu engem gewëssen Undeel bekannt oder gëtt carrément sur place de Kandidatinnen a Kandidate virgestallt. Ab deem Moment sinn déi jonk Participanten zu engem Groussdeel op sech selwer gestallt a musse gutt Nerven an och Ausdauer beweisen, fir hire Projete beschtméiglech ze realiséieren.



An datt mir als Lëtzebuerger Land op eis jonk Handwierker an och aner Beruffssparten houfreg kënne sinn, weisen déi gutt Resultater aus de leschte Joren, déi ganz gutt Platzéierunge fir Lëtzebuerg bedeit hunn. Dësen europäeschen an op de Worldskills weltwäite Verglach mat anere Länner gëtt e gudden Abléck, datt eis Jugend duerch qualitativ héichwäerteg Formatioune geet, fir op esou Concourse bestoen ze kënnen.

Bei engem esou grousse mediale Concours e gutt Resultat ze maachen, ass natierlech eng erfreelech Noriicht fir e Land, fir eng edukativ Ariichtung souwéi och fir déi responsabel Chamberen, mä virun allem ass et en onvergiesslecht Erliefnis fir all d'Participanten. Natierlech probéiert jiddwereen ze gewannen, mä eleng doduerch, datt een haart trainéiert an da säi Bescht gëtt, kritt een Erfarungswäerter fir d'(Beruffs)Liewen, déi de jonke Kandidate kee méi kann huelen; ganz dovun ofgesinn, datt et fir hire weidere beruffleche Parcours sécherlech vu Virdeel ass. Dofir sief drop higewisen, datt et trei nom olympesche Gedanken och hei esou ass, datt dobäi sinn dat Wichtegst ass!

Mä leider ginn dës Exploiten dacks net genuch no bausse gedroen; dëst kéint nämlech e weidere Moyen sinn, fir anere Jonken d'Diversitéit an d'Faszinatioun vun deem engen oder anere Beruff ze weisen. Et gëtt dofir probéiert, fir iwwert dëse Wee vum Blog der Delegatioun an hirer Leeschtung um Concours méi Opmierksamkeet ze schenken an all Dag vum Concours ze beriichten, Interviewen ze féieren, fir datt all d'Leit doheem de ganze Evenement souzesoe "live" verfollege kënnen.

Réckbléck op d'Euroskills 2016
Lëtzebuerger op den Euroskills 2016 (07.12.2016)
Wéi hu sech eis Lëtzebuerger Handwierkstalenter op der bekannter Meeschterschaft geschloen?


Communiqué Euroskills 2018
Budapest accueillera les concours européens des métiers et professions, du 26 au 28 septembre prochain. Pour la première fois, depuis la création des EuroSkills, la compétition se déroulera dans un pays de l'Est de l'Europe, 28 pays seront représentés et pas loin de 600 jeunes talents participeront à cette compétition.

Les candidats représenteront les couleurs de leur pays et durant 3 jours, ils seront les ambassadeurs de leur métier et de leur profession ainsi que du savoir-faire de leur pays. Sous le regard des visiteurs, des juges et des experts, les jeunes professionnels vont essayer de décrocher les médailles d'or, d'argent et de bronze soit en classement individuel, soit en classement par équipe.

Les compétences clés exigées

Pour ces jeunes l'enjeu consistera donc à maximiser leurs efforts afin d'exécuter au mieux et endéans 22 heures les projets choisis par une commission d'experts internationaux. Les accents seront mis sur une planification ciblée du travail, une exécution rapide et précise ainsi que sur la persévérance. On peut facilement s'imaginer la concentration énorme que ce type d'exercice requiert. Outre la parfaite maîtrise de leur métier les candidats doivent faire preuve d'une forte personnalité et d'une ferme volonté de terminer le projet pour pouvoir espérer décrocher une place sur le podium.

Une plate-forme d'information

Les concours de formation professionnelle font partie d'une stratégie d'information sur les métiers et professions. La manifestation est ouverte à un vaste public ; élèves, apprentis, étudiants, professeurs et formateurs, chefs d'entreprise et parents sont en contact direct avec les réalisations de haute qualité. On peut y voir et admirer l'élan et la motivation que la compétence produit. En outre le public a la possibilité de s'informer sur des nouveaux métiers.

Cet événement sera également un lieu de rencontre des parties prenantes européennes en matière de formation professionnelle. Une réunion, fixée pour le 27 septembre 2018, permettra un échange entre les représentants concernés.



La délégation luxembourgeoise

Pour pouvoir participer à ce championnat des métiers et professions, les jeunes ont dû se qualifier dans leur pays d'origine suite à des concours nationaux. La délégation luxembourgeoise est composée à la fois de jeunes ayant montré déjà des performances remarquables lors du championnat national, LuxSkills 2016, mais également de jeunes ayant réussi avec excellence leur formation et ayant été proposés par les experts du métier pour ce concours.

Cette année, les candidats suivants représenteront le Luxembourg aux concours :

• Monsieur Joe Schreiber - installation de chauffage-sanitaire ;
• Monsieur Dany Korac - coiffeur ;
• Monsieur Daniel Hermes, - mécatronicien de machines agricoles, de camions et de machines industrielles
• Monsieur Sascha Sappada, - service-restaurant ;

Même si un tel concours devra être réalisé en travail autonome par le candidat, bien réussir ou même décrocher un des premiers prix est une mission impossible sans la préparation au préalable et le soutien approprié des experts. En effet, les 4 candidats doivent s'entraîner préalablement avec persévérance et ceci en parallèle à leurs activités professionnelles, sous la direction des experts suivants :

• Monsieur Loïc Perrin – installation chauffage-sanitaire;
• Monsieur Luc Olinger – coiffeur;
• Monsieur Romain Debras - mécatronicien de machines agricoles, de camions et de machines industrielles;
• Madame Valérie Bodarwe – service-restaurant ;

L'encadrement technique et administratif de l'équipe luxembourgeoise sera assuré par :

• Madame Karin Meyer, déléguée officielle ;
• Monsieur Jean-Claude Binsfeld, délégué technique ;
• Monsieur Gil Belling ; délégué technique adjoint ;
• Monsieur Norbert Meyer, chef d'équipe.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.