SchraassegWeiblech Läich e Samschdeg de Moien an hirer Zell fonnt

Am Prisong zu Schraasseg ass e Samschdeg de Moien d'Läich vun enger Fra an hirer Zell fonnt ginn.

D'Giischtercher hunn d’Détenue géint 8 Auer fonnt, schreift den Direkter vum Prisong an engem Communiqué.

D’Justiz-Autoritéite goufen informéiert an eng Autopsie ugefrot.

Och den Ombudsman, an hirer Funktioun als externe Kontroller zu Schraasseg, gouf op d’Plaz geruff.