FOTOEN a VIDEO: 376 Appeller beim 112Den Tram ass wéinst dem staarke Wand kuerzzäiteg net gefuer

Den nationale Wiederdéngscht hat fir e Sonndeg eng Alerte Orange erausginn an effektiv, war et deelweis och zolidd lëfteg e Sonndeg de Mëtteg.

© CIS Niederanven-Schuttrange

Vun e Sonndeg de Mëtteg 14 Auer bis owes 20 Auer war mat zolittem Wand ze rechnen. Wandspëtzten tëscht 90 an 100 Stonnekilometer waren dem nationale Wiederdéngscht no méiglech.

376 Appeller goungen zanter e Sonndeg de Mëtteg beim 112 an, déi alleguer mat de stiermesche Wiederkonditiounen dobaussen ze dinn haten. 139 Mol war e Bam ëmgefall. Op ville Plaze louchen Äscht a Panneauen an de Stroossen. Och vill Walplakater konnten dem Fabienne näischt entgéint halen. Mat Momenter huet et och riicht era gereent. De CGDIS mellt, dass 4 Kelleren iwwerschwemmt goufen.




VIDEO: Staarke Reen zu Bouneweg (23.09.2018)
VIDEO: RTL-Reporter

De Stuerm hat och seng Repercussiounen op de Fluchverkéier. Verschidde Volle si mat Retard gelant oder gestart. Och den Tram huet musse fir eng kuerz Zäit stoe bleiwen. Duerch de Stuerm war e Kabel aus dem Catenaire gerappt ginn. Dat konnt awer séier gefléckt ginn, d'Tram war kuerz drop nees ënnerwee.

Am Laf vum Owend huet sech d'Situatioun dunn nees berouegt. E Méindeg soll et dann och schonn erëm méi dréchen ginn. Dat Ganzt bei 12 bis 16 Grad am Nomëtteg. Eréischt en Donneschdeg soll et nees eng Grimmel méi waarm ginn, da klëmmt de Quecksëlwer op knapp 20 Grad.

Stuerm zu Uewersyren (23.09.2018)
Video: Mobile Reporter

Schold waren d'Ausleefer vum Stuerm Fabienne, deen iwwert de briteschen Inselen an eis Géigenden gezunn ass. Wärend de Stuerm bei eis just Materialschued hannerlooss huet, ass de Bilan op anere Plaze vill méi dramatesch ausgefall.

A Bayern koum op engem Camping eng Fra ëm d'Liewen. Si gouf vun engem Bam erschloen. Déi 78 Joer al Fra gouf sou uerg verwonnt, dass si kuerz drop un hire Blessure gestuerwen ass. A Baden-Württemberg gouf e klenge Jong vu 4 Joer liewensgeféierlech blesséiert, wéi e grousse Bam op den Auto gefall ass, an deem d'Kand souz. De Bouf gouf uerg um Kapp verwonnt.

A Südhessen goufen zwou Persoune schwéier verwonnt, nodeems och hei Beem op hiren Autoe gefall waren. Betraff vun dem schlechte Wieder war och de Fluchhafe vu Frankfurt, de gréissten an Däitschland. Eng Partie Vollen hu mussen annuléiert ginn. Op ville Plazen an Däitschland louch och den Zuchtrafic wéinst dem Stuerm brooch.