VIDEO a FOTOEN: WalowendBei RTL lafen d'Virbereedungen op Héichtouren

Sämtlech Medie sinn e Sonndeg am Asaz, esou och d'Radio-, d'Tëlee- an d'RTL.lu-Ekipp vun RTL.

E Sonndeg sinn d'Walen zu Lëtzebuerg. D'Probabilitéit, dass d'Regierung ännert, déi besteet. Sämtlech Medie sinn dann deen Dag am Asaz, esou och RTL Radio Télé Lëtzebuerg. Virun der RTL City gouf extra een Zelt opgeriicht, an de Studioen an an de Regien ass héije Betrib. An all de Gemenge ginn Raimlechkeeten zu Walbüroen ëmgebaut, an anere Wierder: de Countdown leeft.

Walowend: Bei RTL lafen d'Virbereedungen op Héichtouren (11.10.2018)
Sämtlech Medie sinn dann deen Dag am Asaz, esou och RTL.

Bei iwwer 256.000 Wieler ass et ze verstoen, dass ouni Koordinatioun a méintelaangem Plangen am Viraus, esou ee speziellen Dag net ze realiséieren ass. Virun der RTL City gouf eng Woch am Viraus een Zelt opgeriicht. Hei sollen e Sonndeg schonn eleng vun deenen 10 Parteien all d'Spëtzekandidaten empfaange ginn, fir dann iwwer Erfolleg oder Nidderlag ze debattéieren.

Och an eise Studioe gëtt sech elo schonn op e Sonndeg virbereet. Net nëmmen an der Regie ginn déi lescht Astellunge getest a kontrolléiert, um Donneschdeg stoung och eng gréisser Reunioun um Programm, eng vu villen.

D'Violetta Caldarelli mam Steve Schmit (11.10.2018)
De Steve Schmit erkläert, ewéi de Walsonndeg beim RTL wäert funktionéieren. Detailer zu Radio, Télé an Internet.

Fir dass een awer e Sonndeg wiele goe kann, brauch ee jo eng Walkabinn, an och dës mussen opgeriicht ginn. An der Gemeng Bartreng mat 8.129 Awunner gouf 492 Mol per Bréifwal d'Stëmm ofginn, de Sonndeg wäerten awer nach eng iwwer 2.500 Leit untrieden, fir hir Stëmm ofzeginn, esou gëtt e groussen Deel vun der Preparatiounszäit an d'Opriichten am Centre Atert investéiert.

Och an onsem Zelt ass eng Mise en Place noutwenneg a puncto Tëlee- a Radio-Technik, Catering a Sécherheet. Eng Woch am Viraus mussen hei déi technesch Aarbechten ugoen, e Projet deen a puncto Opwand liicht aneschters ass ewéi gewinnt.

Zu Bartreng këmmert sech d’Sylvie Kaes ëm gewësse Këschten. Këschten, déi den nächste Sonndeg am Walbüro an den Asaz kommen an an deene jeeweils alles dran ass, wat e Sonndeg gebraucht gëtt.

Vill Aktivitéiten am Virfeld, wou onsereen emol guer net dru geduecht huet. Eenzegt Zil virun Aen ass d'Reussite, ouni vun där politescher ze schwätzen, an déi bleift no sou ville Stonnen Aarbecht e Sonndeg hoffentlech net aus.